An engem Joer, wou alles onerwaart ass a meeschtens méi haart kënnt, wéi erwaart, muss ee sech och op dat Schlëmmst virbereeden. A fir d'USA ass dat net eng Victoire fir den Donald Trump dës Woch. Déi amerikanesch Demokratie kéint dat iwwerliewen.
Mee zwee Männer, déi sech als Gewënner vun enger amerikanescher Presidentschaftswal ugesinn, dat ass méi geféierlech. Et ass schonn e puer Mol an der amerikanescher Geschicht geschitt, déi leeschte Kéier am Joer 2000 mam George W. Bush an dem Al Gore.
D'Divisioun vun den USA
Mee d'Divisiounen an den USA sinn elo méi schlëmm. Dofir mécht dësen Zenario Angscht.
Et géif am Staat Pennsylvania geschéien, haaptsächlech, e Staat, wou d'Bréifwal an eng fréi Wal fir all Awunner erméiglecht gouf. Béid Optioune ware beléift. Zwee Grënn gëtt et dofir. Éischtens eng Pandemie, déi Angscht mécht sech am Walbüro um Dag selwer a laange Schlaangen ze weisen. Zweetens, den Enthusiasmus, dee vläicht Demokraten a Republikaner fir hir respektiv Kandidate spieren a weise wollten.
Delaie wéinst Bréifwal
De Problem am Pennsylvania ass, datt déi fréi Stëmmen nach net gezielt dierfe ginn. Eréischt den Dag selwer, den 3. November um 7 Auer Moies, ginn déi Enveloppen opgemaach. Mir wëssen elo schonn, datt et op ville Plazen am Staat dauere wäert, fir déi Stëmmen ze zielen, besonnesch an de Groussstied wéi Philadelphia, Héichbuerg vun den Demokraten. Et kéint Deeg laang daueren, bis déi Resultater offiziell gemaach kënne ginn.
An anere Wierder, um Walowend kéint et gutt ausgesi fir den Donald Trump, well vill ländlech Géigende scho gezielt goufen. An de President huet scho gesot, datt et e Resultat den 3. November soll ginn, an datt all de Rescht net ziele soll. Et ass also absolut méiglech, datt den Donald Trump sech an der Walnuecht als President proklaméiert, virun deem all Stëmme gezielt goufen, déi am Endeffekt dem Joe Biden d'Victoire kéinte ginn. Deen Zenario am Staat Pennsylvania kann och an anere Staate geschéien.
Zwee Männer, déi hir eege Victoire proklaméieren. Datt ass och an den USA eng konkret Méiglechkeet.