arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net den Elton John, mä vill aner Leit"

Ouverture vun der Escher Jugen

|
reading time

2 min

"Net den Elton John, mä vill aner Leit"

Dräi Joer huet de Bau vun der Escher Jugendherberg op der Gare gedauert. Elo war déi offiziell Ouverture. Obwuel de Projet am Virfeld fir Diskussioune gesuergt huet, erwaarde sech déi Responsabel e grousse Succès.

reading time

2 min

"Am Virfeld goufen et vill Diskussiounen iwwert de Standuert fir eng Jugendherberg zu Esch", sou de Serge Pommerell, Direkter vum Reseau vun de Jugendherbergen. Um Enn hätt et awer eng Unanimitéit beim Reseau an der Escher Gemeng ginn an et hätt ee sech fir d'Gare decidéiert. "Dee Standuert huet eng Rei Virdeeler", mengt den Direkter vum Reseau vun de Jugendherbergen, "et ass ee beim Zuch, mä och no um Zentrum an no um Gaalgebierg."

De Standuert vun der Jugendherberg - um Boulevard Kennedy zu Esch - ass kee rouege Quartier. "D'Gebai ass awer esou konzipéiert an isoléiert, datt een dat net héiert", verséchert de Serge Pommerell.

Den Elton John schléift net do

Wann an der Rockhal um Belval Concerten sinn, sichen d'Crewmemberen e bëllegt Zëmmer. "Datt ass am Süde schwiereg." D'Jugendherberg kéint fir déi Leit interessant sinn. Grouss Stare wéi zum Beispill den Elton John wäerte awer net kommen, esou d'Iwwerleeung vum Serge Pommerell. De Minett géif awer ëmmer méi interessant ginn, och fir Touristen. "Et ass keen industrielle Site méi mat roudem Himmel, mä eng schéi Géigend."

Marché saturéiert?

D'Jugendherberg zu Esch ass déi zéngt am Land. "Mir hunn e gudde Reseau", seet de Serge Pommerell. Et wënscht ee sech awer punktuell Verbesserungen an och verschidde besser Infrastrukturen. Den Ament ginn zu Veianen eng nei Jugendherberg gebaut an och zu Ettelbréck ass en neit Gebai am Gespréich.

play_arrow De ganzen Interview mam Serge Pommerell