Radio Documentaire Den Éischte Weltkrich, haut nach gëfteg
Bis Enn 2018 ginn an der Groussregioun nach ënnerschiddlech Aktivitéite fir d'Commemoratioun vum Éischte Weltkrich organiséiert. An deem Kontext befaasst sech de Kënschtler François Martig mat enger méi ongewéinlecher Fro, an zwar d'Relatioun tëschent dësem éischten industrielle Krich, der Agrikultur an der Ëmwelt an der Géigend vu Verdun.
Aus laange Recherchen ass den experimentelle Radio Documentaire "Le Son de la Guerre" entstanen, an deem de belsche Kënschtler investigative Journalismus an experimentell Musek zesummebréngt. D'Erzielung vum Radio Documentaire "Le Son de la Guerre" baut op verschidde formell Elementer op: Téin, déi de Kënschtler um Terrain opgeholl huet a selwer komponéiert Musek, zesummegeschnidde mat Extraiten aus verschidden Interviewen. De Martig behandelt d'Stëmm gréisstendeels als e weidert formellt Element. Et gëtt keen Narrateur, an d'Intervenante ginn net mam Numm genannt. Vill méi konzentréiert sech de Kënschtler op de Rhythmus, d'Lautstäerkt an d'Totalitéit vun der Stëmm. Gläichzäiteg baut dësen Audio Documentaire awer och op eng richteg journalistesch Investigatioun op.