Radioen

On air

Am Buedmantel  |  The Durutti Column - Otis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den digitalen Euro

Europa Aktuell

Den digitalen Euro

De Conseil vun der Europäescher Zentralbank soll iwwermuer Mëttwoch eng Decisioun huelen, ob de Projet vum digitalen Euro an eng nächst Phas geschéckt gëtt. D'Äntwert op déi Fro ass esou gutt wéi sécher: Jo, mir schaffe weider drun. Mee wat ass deen digitalen Euro? Firwat gëtt doriwwer nogeduecht? A wéi soll e funktionéieren?

auto_stories

4 min

Zu Lëtzebuerg ass 2019 just nach bei 54 Prozent, also gutt der Hallschecht vun allen Transaktioune an de Geschäfter mat Cash bezuelt ginn. An et muss een dovun ausgoen, datt d'Pandemie deen Trend fort vum Boergeld hin zu elektronesche Payementer éischter verstäerkt wéi ofgeschwächt huet.

Keng Optioun, net drun ze schaffen

Op deem digitalen Terrain hunn d'Zentralbanken awer nach näischt ze bidden. Mee si schaffe bal all un enger sougenannter central bank digital currency. Et gëtt do souguer eng gewëss Konkurrenz, fir déi et och gutt Grënn ginn, wéi den Yves Mersch erkläert, dee bis Enn d'lescht Joer Member vum Directoire vun der Europäescher Zentralbank:

"Wann natierlech eng Zentralbank an engem Land eppes ubitt, an dat weltwäit, an déi aner Zentralbank mécht et net, da kéint et virkommen, datt d'Leit, déi onbedéngt wëllen ouni Cash bezuelen, dann an aner Wärungen ëmklammen. A wann an engem Land kee Bierger méi seng Wärung benotzt, dann huet een och keng Méiglechkeet méi wärungspolitesch Gestaltung ze maachen."

Sou gesinn ass et och fir d'Euroland a seng Zentralbank keng wierklech Optioun, net iwwer eng digital Wärung nozedenken.

D'Perspektiv vun enger Zukunft ouni Geldschäiner a -Mënzen ass fir Nostalgiker warscheinlech bedréckend. Mee streng geholl hu mir all eppes ze verléiere wann d'Boergeld verschwënnt an näischt Equivalentes an d'Plaz kënnt: Well all déi Alternativen, déi et haut scho ginn - ob se elo Visa heeschen, Paypal oder Apple-Pay - si erfëlle vläicht deselwechten Zweck, sinn awer net equivalent.

Risikofräi ënnerwee

Well hinnen eppes feelt: déi gréisstméiglech Sécherheet. Déi huet nëmmen de physeschen Euro ze bidden. Nëmme mat him kann ech mech absolut drop verloossen, och déi Valeur an der Täsch ze hunn, déi drop steet. D'Europäesch Zentralbank garantéiert mer dat. Et ass hiert Geld. An ausser hir a mir ass keen aneren am Spill. Kee Mëttelsmann. An dat ass gutt. Well eng Tëschestatioun bedeit ëmmer och e gewësse Risiko.

Den digitalen Euro hätt weider Virdeeler am Verglach mat aneren elektronesche Bezuelmethoden: d'Transaktioun domat ass instantanée, se geschitt also dee Moment wou den Euro de Propriétaire wiesselt, an net eréischt eng Stonn oder zwee Deeg drop. Dat ännert fir de Konsument net vill, ass awer aus der Siicht vun der EZB e wichtegt Argument. Grad esou wéi d'Tatsaach, datt d'Bezuele mat Euro (ob digital oder reell) anonym ass. Vun der Transaktioun bleift keng Trace.

"L'idée c'est de pouvoir l'utiliser offline" erkläert d'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL:

"Quand il est utilisé de manière online, il y a toujours une possibilité d'avoir accès aux données, mais ce serait uniquement au niveau de la Banque centrale, et là il n'y a aucune envie, aucune nécessité de faire usage de ces données. Ça c'est quelque chose qui a été très claire dès le départ, c'est qu'il n'y aura pas d'usage de ces données-là."

Méi Froen ze kläre wéi der scho beäntwert sinn

Trotzdeem wier d'Bankewelt net géint den digitalen Euro - mee et misst dofir gesuergt ginn, datt d'Stabilitéit vum System net a Gefor bruecht gëtt, sou d'Banken. Well datt déi Gefor besteet, seet och den Yves Mersch:

"Deemno wéi wier et natierlech an Zäite vu Krisen eng Gefor, datt d'Leit Sue vun de Banke géifen ofzéien an d'Suen alleguer bei der Zentralbank op e Konto setzen. Dee Moment hätten d'Banke keng Liquiditéit méi fir Kreditter ze verginn oder se missten déi Liquiditéit dann erëm léine goe bei d'Zentralbank. Dat géif eng Verdeierung vun de Kreditter mat sech bréngen an dee Moment eng negativ Influenz op de wirtschaftleche Wuesstem. Dofir muss scho ganz gutt opgepasst ginn, wéi déi Configuratioun vun där neier Digitalwärung soll virugoen."

Kommen déi digital Euroen effektiv op e Kont bei der EZB oder an eng Wallet um Handy? A wéi vill där Euroe kann all Eenzele kréien? Et gëtt driwwer nogeduecht, e maximale Montant virzegesinn, eben och fir d'Geschäftsbanken ze schützen, mee dat ass och erëm eng Aschränkung vun der Fräiheet, well de Moment kann een esou vill Cash bei sech doheem hale wéi ee wëllt. Firwat däerf een dat an Zukunft net méi?

Et bleiwen nach méi Froen ze kläre wéi der scho beäntwert sinn, sou datt wuel op d'mannst nach 4 oder 5 Joer dierfte vergoen, ier den digitalen Euro Realitéit gëtt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.