Réckbléck Den Äerdobservatiouns-Satellit LuxeoSys
310 Milliounen Euro gëtt de Staat fir een Äerdobservatiouns-Satellit aus. Datt de Projet domadder bal duebel esou deier gëtt, wéi ursprénglech geplangt, war am Mäerz bekannt ginn. D'Chamber huet doropshi versicht d'Ursaache vun där Käschtenexplosioun opzeklären - mat limitéiertem Succès.
Bis haut ass net kloer, firwat d'Chamber am Summer 2018 virum Vott iwwer den Akaf vum Militärsatellit net gesot krut, datt méiglech weider Käschte kéinten entstoen. Deemools huet et geheescht, d'Gesamtkäschte vum Projet wiere mat 170 Milliounen ofgedeckt, dovunner ass och den deemolege Rapporter an LSAP-Deputéierte Marc Angel ausgaangen - wat hien am Réckbléck nach emol confirméiert huet:
"Dat war deemools mäi Verständnis. Ech hunn dat sécher net erfonnt. Dat muss esou geschwat gi sinn an déi Informatioune muss ech esou kritt hunn, well soss hätt ech et net gesot an net geschriwwen."
Claude Wiseler: "D'Chamber ass hanner d'Liicht geféiert ginn"
D'Offer vun OHB-I, der Firma, déi de Satellit baut, war scho virum Vott do. Datt 170 Milliounen Euro net kéinten duergoe fir all d'Käschte vum Projet ze decken, war deemools schonn ze erwaarden. Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet vun engem Skandal geschwat:
"Déi aner Posten, déi awer missten beinhalt ginn, wéi d'Antennen, respektiv de ganze Segment sol, d'Exploitatioun, d'Maintenance, d'Verdeelung vun de Biller, déi am Fong am initiale Präis mat dra sinn, déi sinn, wann een de Kontrakt liest, net do beinhalt, dofir war et ganz, ganz kloer, scho wéi de Vott an der Chamber geholl ginn ass."
Wann hien d'Erklärungen, déi hie vun der Regierung kritt hätt, richteg géif interpretéieren, dann "ass dee Moment ganz kloer der Chamber net d'Wouerecht gesot ginn. An d'Chamber ass kalbliddeg hanner d'Liicht geféiert ginn", esou den CSV-Deputéierten.
Keng Enquêtëkommissioun
CSV, ADR, Piraten an déi Lénk waren net zefridde mat den Erklärungen, déi d'Budgetskontrollkommissioun ënner anerem vum fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider a sengen deemolege Beamte krut.
D'CSV-Deputéiert Diane Adehm huet d'Fro opgeworf, wéi ee Lien tëschent dem Etienne Schneider an den implizéierte Firmen Hitec an OHB-I bestanen huet - an ob d'Attributioun vum Projet ouni richteg Ausschreiwung legal war:
"Wann ee gesäit, wéi d'Marché-Publics-Gesetz méiglecherweis gebéit ginn ass, fir där Firma den Zouschlag ze ginn, da kann een esou munch Zweiwelen un der Rechtméissegkeet vun deem Marché äusseren."
D'Oppositioun wollt an enger Enquêtëkommissioun méi erausfannen. D'Majoritéit huet sech an der Chamber géint esou eng Kommissioun gestäipt.
Erklärunge vum François Bausch
Et wier hei kee Skandal ginn, huet de François Bausch argumentéiert. De grénge Verteidegungsminister huet eng Erklärungslinn vu sengem Virgänger zum Deel iwwerholl, firwat verschidden Depensen net am Gesetz abegraff gewiescht wieren. An engems huet hien d'Approche kritiséiert:
"De Problem kënnt, datt einfach ee Feeler gemaach ginn ass, menger Aschätzung no, vum deemolegen Defensedirekter, vun der Defense en général a warscheinlech och vum deemolege Minister, datt einfach geduecht ginn ass: mir finanzéieren dat separat iwwer de Fonds d'équipement militaire. Ech hunn eng aner Positioun dozou, ech mengen, dat geet net."
D'Budgetsrallonge vu bal 140 Milliounen Euro ass am Dezember gestëmmt ginn - obwuel och DP, LSAP an déi gréng nach Klärungsbedarf gesinn hunn: dowéinst gouf d'Cour des Comptes beoptraagt ee Spezialrapport iwwer déi finanziell Gestioun vum Projet ze maachen. Och d'Legalitéit vun der Ausschreiwungsprozedur soll hei iwwerpréift ginn.