Horeca Demo um Samschden: Trauer am Horeca-Secteur duerstellen

D'Manifestanten aus dem Horeca-Secteur wëlle sech e Samschden op kee Fall mat Corona-Géigner mëschen. Dat seet d'Cristina Borges, Organisatrice vum Marche Silencieuse dëse Samschden. Bis ewell wieren eng 300 Leit ugemellt, fir géint déi schwiereg Situatioun am Horeca-Secteur ze manifestéieren.

Maxi Pesch / tt

Vue op Clausen

Lauschteren


Zil wier et, de Staat an d'Horesca-Organisatioun op déi schwiereg Situatioun fir d'Cafetieren, d'Restaurateuren an d'Diskoen opmierksam ze maachen, déi bis Enn dës Mounts net schaffe kënnen, erkläert d'Cristina Borges, selwer Patronne vun engem Bar.

Mir wëlle just, datt de Staat gesäit: mir sinn do a mir gi vergiess. Mir kréien de Chômage fir eis Personal. Déi Aiden, déi 3.000 bis 4.000 Euro dat ass alles schéin a gutt, mee et geet bei verschiddene Leit einfach net duer. Eis Loyere sinn ze héich, Facteure komme weider eran, sief et d'Elektrescht, d'Wasser, d'Steieren.

Marche silencieuse geplangt

Op kee Fall wéilt ee mat der Corona-Géigemanifestatioun, déi och e Samschden ass, vermëscht ginn, erkläert d'Cristina Borges. Deemno hätt si en Itineraire gewielt, deen en Zesummestouss soll evitéieren.

Mir hu wierklech, mat allem Respekt, näischt mat där anerer Manifestatioun ze dinn. Dofir hunn ech decidéiert, eng Promenade silencieuse ze maachen. Mir si schwaarz ugedoen, fir datt si gesinn, mir si vum Horeca. D'Symbol vum Deuil, der Trauer an eisem Secteur. Mir well net vermëscht gi mat deenen aneren. An ech hoffen, datt déi aner dat respektéieren.

Ma och bannent dem Horeca-Secteur géifen et verschidde Meenungen a Gruppe ginn, seet d'Cristina Borges. Weider Manifestatioune vun anere Betraffenen aus dem Secteur wiere schonn an der Planung. Fir d'Cristina Borges wier d'Manifestatioun dëse Samschdeg awer elo mol déi eenzeg, an der Hoffnung, datt de Staat dem Secteur entgéint kënnt.

Méi zum Thema

Vue op Clausen
Corona-Pandemie

Den Horeca-Secteur fäert ëm seng Zukunft. D'Etablissementer bleiwe bis Enn des Mounts zou: d'Perspektivlosegkeet an d'Waarden op verschidde finanziell Hëllefen dréckt op d'Stëmmung.

Restauranten a Caféen hunn am Lockdown missten zoumaachen.
Réckbléck

Fir de Secteur vun den Hotellen, Restauranten a Caféë war 2020 e ganz schwieregt Joer. De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp schwätzt vun engem "Annus horribilis".

Café Restaurant, Masken, Covid, Coronavirus
Kuerz virum zweete Lockdown

Wärend déi eng net sécher wëssen, wéi et wäert weidergoen, versichen anerer optimistesch ze sinn. Um Dag virun der zweeter obligatorescher Fermeture vu Caféen, Restauranten a Clubben hu mir de Bols bei de Betraffene gefillt.

Coronavirus
Geplangten Ännerungen um Covid-Gesetz

Fir d'Horesca mussen nach Detailer gekläert ginn, wat déi nei Limitatioun vun 100 Clientë pro Restaurant ugeet. Den Direkter vun der CLC wëllt den Text nach am Detail analyséieren.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen