Verfassungsrevisioun Demande fir Referendum ass beim Staatsministère ukomm

Et ass eng offiziell Demande fir eng Referendums-Prozedur vun engem Comité d'initiative beim Premier Xavier Bettel gemaach ginn. Dat deelt de Staatsministère an engem Communiqué mat.

Claude Biver / Françoise Medernach

Ministère de l'Etat
Beim Staatsministère ass eng Demande fir ee Referendum ukomm. Foto: Kaori Anne Jolliffe

Bei Verfassungsännerunge kann den zweete Vott an der Chamber duerch e Referendum ersat ginn. Dës Prozedur ass am Artikel 114 vun der Verfassung festgehalen.

Ee Comité d'initiative muss op d'mannst aus fënnef Bierger bestoen, an e muss eng Demande beim Premier maachen, fir e Referendum iwwer eng Verfassungsännerung unzefroen.

De Premier huet dräi Deeg Zäit fir ze decidéieren, ob d'Demande alleguerten d'Krittären erfëllt. Déi Decisioun gëtt da bannent aacht Deeg am offizielle Journal publizéiert.

Sollt d'Demande alleguerten d'Krittären erfëllen, kënnen ageschriwwe Bierger an hire Gemengen dës Demande ënnerschreiwen - spéitstens 15 Deeg no der Publikatioun am offizielle Journal, an dat bis spéitstens zwee Méint nom éischte Vott an der Chamber.

Sechs Deeg an der Woch kann een dës Demande dann op der Gemeng ënnerschreiwen - et ass obligatoresch, datt d'Gemengen et erméiglechen Samschdes dat ze iwwerschreiwen.

Wa 25.000 ageschriwwe Wieler dës Demande ënnerstëtzen, gëtt ee Referendum bannent sechs Méint organiséiert, deen dann den zweete Vott an der Chamber géif ersetzen. Dëse Referendum muss op engem Sonndeg stattfannen.

D'CSV huet d'lescht Woch gemengt, si géif mat hiren 21 Deputéiert e Referendum ufroen wa méi wéi 25.000 Leit déi ëffentlech Petitioun fir e Referendum ënnerschreiwen.

D'lescht Woch war an der Chamber eng éischt Serie vu Verfassungsännerungen an engem éischte Vott guttgeheescht ginn.

Méi zum Thema

Chamber
Méigleche Referendum

D'Chamber huet der Reform vum Justiz-Kapitel an engem éischte Vott zougestëmmt. Nach ass net kloer, ob den zweete Vott duerch e Referendum ersat gëtt. D'CSV huet hir Positioun dozou revidéiert.

Luc Heuschling
Grondgesetz

D'Reform vun der Verfassung geet an eng nächst decisiv Phas: d'Chamber hëlt haut een éischte Vott iwwer d'Justiz-Kapitel. Mir hu mam Verfassungsexpert Luc Heuschling iwwer d'Ännerunge geschwat.

Chamber
Verfassungsreform

Eng ëffentlech Petitioun fir e Verfassungsreferendum wäert an der Chamber debattéiert ginn, d'Parteie wäerte sech nach eemol zur Fro musse positionéieren. Ee Referendum kéint vum Parlament a vu Bierger declenchéiert ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen