Déi amerikanesch Aussepolitik, déi vum Donald Trump, mécht kee Sënn. Si, an hien, widdersprieche sech, an och an der Regierung kënnt et konstant zu Meenungsverschiddenheeten. Oder zu engem Mangel un Informatioun, oder einfach zu engem President, dee vun enger Minutt zur anerer seng Meenung, an esou och déi ganz amerikanesch Aussepolitik ännert.
Am Fall ëm déi aktuell ganz brisant Relatioun tëschent den USA an dem Iran hei e Beispill: den amerikaneschen Ausseminister seet, déi amerikanesch Prioritéit wier elo d'Deseskalatioun. E puer Stonnen drop schreift de President op Twitter, datt hie mat der Zerstéierung vu wichtegen iranesche kulturelle Sitten dreet. Dat wier e Krichsverbriechen, keng Deseskalatioun.
Wat ass déi amerikanesch Strategie?
E Krich mam Iran schéngt méiglech, wann en net esou guer schonn op eng gewëssen Aart a Weis amgaang ass. E puer Méint nodeem et bal zu engem Treffen tëschent de Presidenten Trump a Rouhani zu New York komm war, e méiglechen Dialog, deen esouguer wärend der Presidence vum Barack Obama net geschitt war.
Kee weess, wou et mat der amerikanescher Strategie op der Welt steet, ausser datt et America First soll sinn, an datt ee sech wëllt op déi amerikanesch Ekonomie konzentréieren an net op Kricher am Ausland. Mee op eemol schéckt den Donald Trump 3.000 Zaldoten an de Kuwait. Hat hien net gesot, hie géif déi amerikanesch Truppen heem bréngen?
De komplette Géigendeel
Näischt mécht do Sënn, ausser wann een ee Leitmotiv vum Donald Trump am Aen hält. Hie wëllt et besser maache wéi säi Virgänger, de gehaasste Barack Obama. Hie wëllt an d'Geschicht agoen als e bessere President, an deem hien de Géigendeel mécht vun deem, wat den Obama gemaach hätt, an an deem hien alles iwwer e Koup geheit, wat säi Virgänger fäerdegbruecht huet.
Wéi erkläert et sech soss, datt den Donald Trump onbedéngt Dialog mat Nordkorea wëllt, a Krich mam Iran? Et ass de Géigendeel vun der Obama-Aussepolitik. Alles ass de Géigendeel: den Nuklearaccord mam Iran ass futti, d'USA hale sech net méi un d'Paräisser Klimaofkommes, d'Kuba-Politik ass nees ëmgedréit ginn, alles gëtt gemaach fir Israel ze gefalen, Europa gëtt net eescht geholl an esou weider.
Den Obama wollt kee Krich mam Iran. Datt den Trump de Géigendeel wëllt vum Mann, dee virun him am Wäissen Haus war, datt mécht genee elo besonnesch Angscht.