Corona-Pandemie Delta-Variant geschwënn och dominant zu Lëtzebuerg

D'Delta Variant vum Coronavirus wäert geschwënn och zu Lëtzebuerg dominant sinn, sou d'Aschätzung vum Dr. Nguyen Trung, Virolog beim nationale Gesondhteeslabo LNS. Hie seet och, datt d'Delta Variant, déi fir d'éischt an Indien detektéiert gouf, méi ustiechend ass. Trotzdeem wäer hien den Ament net immens besuergt doriwwer.

Pierre Reyland / cz

Coronavirus Coronavirus

D'Delta-Variant huet d'lescht Woch zu Lëtzebuerg scho ronn ronn 30 Prozent vun den Infektiounen ausgemaach. Si hätt sech an de leschte Woche séier verbreet, seet den Dr. Nguyen Trung.

Se wier och tëschent 40 an 80 Prozent méi ustiechend, sou de Virolog. Och wann d'Zuel vun den Neiinfektioune géif erofgoen, géif d'Unzuel vun der Delta-Variant an d'Luucht goen. Den Dr. Nguyen Trung geet dovunner aus, datt d'Variant zu Lëtzebuerg zu 60 Prozent méi ustiechend ass. Dat wier ongeféier déi selwecht Zuel, wéi an England. Et géif dofir och net méi laang daueren, bis d'Delta-Variant och hei zu Lëtzebuerg déi dominant Form vum Virus wäert sinn - den Dr. Nguyen Trung nennt hei zwou bis dräi Wochen.

Hospitalisatioune net geklommen

Grouss Suerge géif dat him awer net maachen, seet nach de Virolog. An dat aus dräi Grënn. D'Hospitalisatioune géifen duerch dës Variant net an d'Luucht goen. Et kéint ee sech mat der Delta-Variant vill méi einfach infizéieren, mee de Krankheetsverlaf wier net sou schlëmm.

Favorabel wieren och déi waarm Temperaturen an deene géif sech de Virus vill manner verbreeden. Drëtte favorabele Facteur wier, datt ëmmer méi Leit geimpft sinn. Woubäi déi grouss Fro, do ass: Wéi effikass sinn dann d'Vaccine géint d'Delta Variant? Daten aus England géife weisen, datt een no 2 Dosen eng ganz gudd Protectioun hätt.

Héich Effikassitéit, also, no zwou Dosissen vun deene Vaccinen, déi zu Lëtzebuerg zougelooss ginn. Bei just enger Dosis wieren d'Vaccinen awer däitlech manner effikass, wéi no enger Dosis géint déi britesch Alpha Variant. Bei Johnson & Johnson, wou ee souwisou nëmmen 1 Dosis kritt, géif et nach net vill Donnéeën iwwer d'Effikassitéit géint Delta.

Meeschten jonk Leit infizéiere sech mat der Delta-Variant

Ugestach géife mat der Delta Variant, och zu Lëtzebuerg, virun allem méi jonk Leit ënner 50 Joer, déi dacks keng oder eréischt eng Dose vun engem Vaccin kritt hätten.

De Virolog Nguyen Trung seet, et wier deen een oder anere Fall zu Lëtzebuerg bekannt, vu Leit, déi entweder eng Impfdosis kruten, oder schonn emol virdru mat enger anere Variant infizéiert waren, an elo nach eng Kéier, mat der Delta Variant infizéiert goufen. An deene Fäll géifen déi Infizéiert awer meeschtens iwwerhaapt keng Symptomer entwéckelen.

Ënnerschiddlech Symptomer

Eventuell Clusteren oder Foyere vun der Delta Variant an enger bestëmmter Regioun, Stad oder Uertschaft hei am Land géifen d'Donnéeë vum nationale Gesondheetslabo den Ament net weisen.

Experten a veschiddene Länner behaapten och, datt d'Symptomer vun enger Infektioun mat der Delta Variant anescht sinn - datt een zum Beispill de Schnapp, mee keen Houscht, méi kritt; an datt dat problematesch kéint ginn, fir d'Detektioun vum Virus. Heiriwwer géif et nach net genuch Donnéeë ginn, sou den Nguyen Trung.

D'Delta-Variant mécht weider Lockerunge m éi schwiereg

Fir weider Lockerungen oder Ouverturë wier et dofir, senger Meenung no de Moment nach ze fréi, sou de Virolog.

"Je pense qu'on va suivre le modèle anglais, avec un retard de deux, trois semaines."

An England huet d'Regierung jo decidéiert, d'Ophiewe vun alle Restriktiounen net wéi geplangt e Méindeg ze maachen, mee eréischt véier Woche méi spéit, wéinst der Delta Variant.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

De Coronavirus huet 2020 d'Noriichten dominéiert
Video

Ee Joer ass et hir, datt Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen ass - ee bis dohinn onbekannten Szenario, dee vill Onsécherheeten ausgeléist huet. Um Enn huet d'Devise "Bleif doheem" iwwerall Spueren hannerlooss

Kaori.jpg
Coronavirus

E komeschen Anniversaire: Virun engem Joer ass de komplette Lockdown a Kraaft getrueden. Et huet ee realiséiert, datt de Coronavirus eng ganz reell Gefor wier.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen