arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Delai gëtt ni agehalen!"

Uni Lëtzebuerg

|
reading time

3 min

"Delai gëtt ni agehalen!"

Leschte Samschdeg huet de Conseil de gouvernance vun der Uni de Budget fir dëst Joer ugeholl. Dem Gesetz no hätt dat scho virum éischten Abrëll lescht Joer misse geschéien. Dat wier net aussergewéinlech, sot de Marc Hansen am Invité vum Dag. D'Regierung iwwerhëlt awer keng Responsabilitéit an der Diskussioun ëm de Budget vun der Uni. De Conseil universitaire, an deem Vertrieder vun de Fakultéiten an de Studenten sëtzen, hat de proposéierte Budget an engem consultativen Avis ofgeleent.

reading time

3 min

Am Budget fir dëst Joer si fir verschidde Fakultéite nämlech manner Suen ageplangt, wéi ugangs virgesinn. Datt dëst zu Tensioune bei der Uni géif féieren, wier awer net Saach vun der Regierung, sou den delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen.

"Am Gesetz steet, datt d'Uni eng 'autonomie financière' huet. Dat heescht och, datt si eng 'responsabilité financière' huet. Et ass also un der Uni fir hire Budget intern ze verdeelen." Datt de Budget net virum éischten Abrëll 2016 scho gestëmmt gi wier, wéi vum Gesetz virgesinn, wier iwwerdeems net aussergewéinlech. "Zënter 2004 ass deen Delai net eng eenzeg Kéier agehale ginn", seet de Marc Hansen.

Uni konnt plangen

De Budget gëtt ëmmer fir eng Period vu véier Joer tëscht Uni a Regierung verhandelt, fir d'lescht 2014. An deem Kontrakt wier d'Méiglechkeet vun enger Revisioun virgesinn, sou de Marc Hansen. "Ufank 2016 hu mir de Budget néi verhandelt an d'Bedeelegung vun der Regierung um Gesamtbudget läit aktuell bei 158 Milliounen Euro", präziséiert de Minister. D'Uni hätt deemno op e puer Joer am Viraus kënne plangen.

De Marc Hansen kann och net ganz novollzéien, firwat de Conseil universitaire elo Kritik um Budget äussert. "Den Avenant vum Contrat d'établissement, dee mer 2014 mat der Uni ofgeschloss hunn, gouf och vum Conseil universitaire approuvéiert."

Finanziell Autonomie

Firwat d'Uni op verschiddene Plaze misst Sue spueren, wéisst hien net am Detail. "Wann ee bedenkt, datt d'Uni am Joer 2015 ongeféier 1.400 Mataarbechter hat, an den Ament scho 1.730 Leit fir d'Uni schaffen, da kann een dovun ausgoen, datt d'Käschte fir de Fonctionnement klammen", sou de Marc Hansen.

Datt de Gros vum Unis-Budget vum Staat géif kommen, wier iwwerdeems kee Grond, fir sech an déi finanziell Autonomie vum Etablissement anzemëschen. "Et wéilt jo och keen, datt d'Regierung sech an d'Fuerschung vun der Uni, also an déi wëssenschaftlech Autonomie, géif amëschen."

Just an dräi Fäll hätt d'Regierung en Deel vum Budget fir bestëmmte Projete reservéiert. "Dat ass fir d'Opstellung vum Institut fir Zäitgeschicht an Digitales, fir de Centre for Logistics a fir déi geplangte medezinesch Ausbildung fir Generalisten", sou d'Präzisioun vum Marc Hansen.

Neit Unisgesetz

Déi organisatoresch Autonomie steet iwwerdeems am Mëttelpunkt vum Gesetzprojet, deen de Marc Hansen e Méindeg virgestallt huet. "De Conseil de gouvernance wäert an Zukunft de Recteur vun der Uni nominéieren", sou de Minister. "Mir wëllen der Uni a ville Punkten organisatoresch Kompetenzen zréckginn." Den Ament gëtt de Recteur vum Grand Duc genannt.

D'Organisatioun vum Conseil de gouvernance soll och geännert ginn. Nieft enger Vergréisserung op néng Membere soll och de Vertrieder vun der Personaldelegatioun eng Plaz als Observateur kréien.

D'Rektorat huet mat deem neie Gesetz dann och keng Stëmm méi am Conseil universitaire. "Bis elo ass de Recteur an de Conseil universitaire gaangen, fir en Avis ze froen. Mir sinn der Meenung, datt de Recteur kee Stëmmrecht an deem Gremium soll hunn, dat him en Avis gëtt", sou de Marc Hansen. "Dee Moment gëtt de Conseil universitaire natierlech gestäerkt."

Deputéiert zefridden

Am Gesetzprojet, deen no Ouschtere soll deposéiert ginn, gëtt och fir d'éischte Kéier eng Studentevertriedung festgeschriwwen. Domat hu sech d'Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun zefridde gewisen, deenen de Marc Hansen schonn am Virfeld ze Projet virgestallt hat. "Et ass virgesinn, datt op all 500 Studenten ee Representant an der Vertriedung wäert kommen", sot d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding dem radio 100,7, "et ass scho gutt, datt d'Gesetz de Studenten elo de Réck wäert stäerken."

D'Martine Hansen, CSV, ass iwwerdeems zefridden, datt d'Diskussioun ëm de Budget och e positive Nieweneffekt kéint hunn. "De Conseil de gouvernance huet de Budget jo ugeholl, mä en huet och en Hiweis gemaach, datt dee Prozess, fir de Budget opzestellen, definitiv méi transparent a besser strukturéiert muss organiséiert ginn."