Doud vum Grand-Duc Jean D'Staatsbegriefnes ass de 4. Mee an der Kathedral

D'Deklaratioun vum Staatsminister Xavier Bettel gouf vum Service information et presse iwwerdroen an ënner anerem op 100komma.lu an an der radio 100,7-App gestreamt.

Xavier Bettel bei der Deklaratioun zum Doud vum Grand-Duc Jean

Et wier eng schwéier an traureg Zäit fir d'groussherzoglech Famill an all déi Leit, déi dem Grand-Duc Jean no stoungen, esou de Premier. De Regierungschef Bettel huet och dem fréiere Staatschef seng Roll während dem Zweete Weltkrich ervirgehuewen an huet dem Grand-Duc Jean säi sozialen Engagement a säi Respekt virun de Mënschen betount.


D'Deklaratioun vum Xavier Bettel


De Grand-Duc Jean war ass a bleift e Symbol vun onsem Land a vun onser gemeinsamer Geschicht, esou de Xavier Bettel. De Grand-Duc Jean wier e Virbild, een Held an e grousse Staatsmann gewiescht, huet de Regierungschef betount.

Fir de Verlaf vun den nächsten Deeg ze diskutéieren, war de Moien um 10 Auer de Regierungsrot zesummen.

D'Staatsbegriefnes ass de 4. Mee um 11 Auer an der Kathedral.

Um 12 Auer huet de Premier Xavier Bettel Rendez-vous mam Grand-Duc Henri am Schlass zu Colmer-Bierg.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen