arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Räich gi méi räich, an déi Aarm méi aarm!"

Aarmut

|
reading time

4 min

"Déi Räich gi méi räich, an déi Aarm méi aarm!"

Déi sozial Schéier zu Lëtzebuerg geet auserneen, esou d'Analyse vun Experten aus dem Sozialsecteur. De Robert Urbé vun der Caritas widderleet Aussoe vum Generaldirekter vun der Patronatsvertriedung UEL, deem no den Aarmuts-Risiko relativ ass an och parallel mat der Zuel vu gutt bezuelten Aarbechtsplazen an héije Revenue wiisst. D'Presidentin vun ATD Quart Monde warnt virun enger weiderer Mechaniséierung vun der Aarbechtswelt. Leit mat manner intellektuelle Fäegkeete géingen ëmmer manner eng Aarbecht fannen, wat zur Veraarmung bäi géing droen.

reading time

4 min

Dem Statec no ass zu Lëtzebuerg ee vu fënnef Awunner vun Aarmut bedreet. All zéngte Lëtzebuerger Resident lieft dauerhaft an Aarmut. Dat trotz Sozialtransferen a bei bis zu fënnef Prozent Wirtschaftswuesstem. Ouni Sozialtransfere géingen, dem Statec no, iwwer 44 Prozent vun der Populatioun d'Aarmut riskéieren.

E Fakt: d'Aarmut wiisst

"Déi Räich zu Lëtzebuerg gi méi räich an déi Aarm méi aarm", seet de Robert Urbé. Dem Ekonomist a Sozialexpert vun der Caritas widderleet Aussoe vum Generaldirekter vun der Patronatsvertriedung UEL. De Jean-Jacques Rommes hat gesot, datt d'Hausse vum Taux vum Aarmutsrisiko net bedeit, datt d'Leit zu Lëtzebuerg méi aarm ginn, an datt den Aarmutstaux vum Statec sech géif verschlechteren, well méi räich Leit an d'Land kommen. "Dat ass absolut falsch", esou de Robert Urbé.

Beim Taux vum Aarmutsrisiko vum Statec géif et sech net ëm en Duerchschnëttswäert handelen, mä ëm d'Berechnung vun der Veraarmung an der Mëtt vun der Gesellschaft. "Mir kënnen nach 1.000 Leit op Lëtzebuerg erakréien, déi ganz räich sinn. Dann ännert dat um Aarmutsrisiko iwwerhaapt näischt." Bei der UEL hätt een nach ëmmer net verstanen, wéi dee berechent gëtt. Et géif net ëm d'Duerchschnëttsakommes goen, mä ëm d'Medianakommes.

Dernieft wier net just den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg geklommen. Mä och de "Revenu brut mensuel" an de "Revenu médian" wiere gefall a léichen um Niveau vun 2013.

Leit, déi net gebraucht ginn

Déi Entreprisen, déi sech zu Lëtzebuerg etabléieren, brauchen net déi Leit, déi mir betreien, seet d'Presidentin vu ATD Quart Monde. D'ASBL begleet virun allem Lëtzebuerger, vun deene vill iwwert Generatiounen ewech an der Aarmut liewen. Dobäi wiere Persounen, déi informatiounstechnesch net d'Ausbildung hätten, déi néideg wier, fir an den neien, digitaliséierten Aarbechtsplaze matzekommen. D'Educatioun eleng kéint dat net behiewen. Et kéime Leit op d'Welt, déi manner intellektuell Fäegkeeten hätten. Do misst an den nächste Joren ugesat ginn, soss géif d'Schéier tëscht Räich an Aarm nach méi auserneegoen.

Logement ass just ee Facteur vun Aarmut

"D'Aarmut kann net nëmme gemooss ginn um Logement", seet d'Joëlle Christen. Vill Elementer géife matspillen, fir méi wéi just genuch Suen ze hunn, fir déi elementar Besoinen ze decken. Dofir wiere méi komplex Berechungsmodeller néideg.

"De Logement huet näischt mam Taux vum Aarmutsrisiko ze dinn. D'Zuele vum Statec kucke just de Revenu, an net d'Ausgaben", ënnersträicht de Robert Urbé. De Logement kéim nach dobäi.

Verstoppten Aarmut

De Statec seet och, datt all zéngte Resident zu Lëtzebuerg an der Aarmut lieft. Dat heescht, datt zéng Prozent manner wéi 984 Euro de Mount hunn. "Ouni verbëllegt Wunnen, ouni Epicerie sociale oder ouni Hëllef vu Famill a Frënn, iwwerlieft een net mat 984 Euro."

"De Statec erfaasst awer net déi ganz Ausmooss vun Aarmut zu Lëtzebuerg", seet de Robert Urbé. "Eng ganz Partie Mënschen tauchen net an de Statistiken op". Schätzungen no wieren am Land bis zu 3.000 Leit ouni Daach iwwert dem Kapp. Och déi Leit ouni Pabeieren am Land, déi a prekäre Situatioune liewen, wieren net erfaasst.

Wann een den Taux vum Aarmutsrisiko vum Statec opschlësselt, stellt ee fest, datt et grouss Ënnerscheeder ginn tëscht de Lëtzebuerger Residenten an den Net-Lëtzebuerger Residenten. Bei de Lëtzebuerger läit den Taux bei 9,4 Prozent, bei den Auslänner ass et iwwert dat Duebelt, do leit den Aarmutstaux bei 22,4 Prozent.

D'Aarmut pecht

ATD Quart Monde begleet ganz vill Lëtzebuerger, déi vu Generatioun zu Generatioun an der Aarmut liewen. "Aarmut: et bleift un engem pechen." Anescht wéi fréier géifen d'Kanner manner systematesch placéiert ginn, wann et ekonomesch oder wéinst aneren Ursaachen net geet. Et géif méi an de betreffende Famille geschafft ginn. An Zukunft misst dat nach méi geschéien, seet Joëlle Christen. "An d'Famille musse méi nogelauschtert kréien." Et géif e Mangel un Dialog ginn tëscht de Sozialpartner um Terrain an de Betraffenen. Dowéinst géif heefeg net op d'Besoine vun de Leit agaange ginn.

Wat soll d'Politik maachen?

"Als éischt Mesure muss de REVIS eropgesat ginn", fuerdert de Robert Urbé. "D'Erhéijung vum Mindestloun hëlleft guer näischt all deene Leit, déi eng Famill hunn, well déi sinn ëmmer nach op e Complement RMG ugewisen, well si ze wéineg hunn. Wann de Mindestloun an d'Luucht gesat gëtt, da geet de Complement fir d'Famillen erof", erkläert den Ekonomist. D'Reform vum REVIS géif, trotz gudden Elementer, deem Problem keng Rechnung droen.

Fir d'Joëlle Christen vun ATD Quart Monde ass et wichteg, fir bei Reforme wéi dem REVIS, mat de betraffene Leit ze schwätzen, fir hir genee Besoinen ze kennen. Gesetzestexter sollen zesummen ausgeschafft ginn, fir datt se Sënn maachen.