Fräie Mikro Déi mam Mupp

Den Term Fake News an de populistesche Schmorri, dee mat drun hänkt, sinn och hei zu Lëtzebuerg ukomm. An zwar aus dem Eck vun der Piratepartei. Fir de Fräie Mikro mécht d'Anne Heniqui eng DNA-Analys.

Anne Heniqui / cz

Meenung Anne Heniqui
D'Anne Heniqui

D'Piratepartei - Ass do nach dran, wat drop steet? Viru knapp zéng Joer ass déi Lëtzebuerger Versioun vun der Piratepartei aus Schweden hei vum Sven Clement gegrënnt ginn, dee virdru seng politesch Carrière bei de Jusoen ugefaangen hat. Internetfräiheet, géint all Form vun Zensur, fir d'Transparenz vun den ëffentleche Verwaltungen a géint d'Videoiwwerwaachung am ëffentleche Raum, hate si sech deemools op de Fändel geschriwwen an hunn domat besonnesch déi jonk Wieler am Viséier gehat. Hei zu Lëtzebuerg huet d'Piratepartei dunn éischter e lénksliberalen Discours geféiert, ass op der Säit vun déi Lénk op Maniffe gaangen, während déi däitsch Schwësterpartei schonn deemools virgehäit krut, si géing Richtung rietsextrem ofdriften.

2018 dann den Duerchbroch mat zwee Sëtz an der Chamber, d'Schëff duerft endlech aus dem Hafen eraus. Dat war allerdéngs nëmme méiglech duerch d'Zesummenaarbecht mat der PiD, der Partei fir integral Demokratie, woubäi een net richteg gesäit, wie Rettungsreef fir wie war.

D'PiD, dat ass d'Partei déi vum fréieren ADR-Deputéierte Jean Colombera gegrënnt gouf, wéi deen d'Handduch gehäit huet, well hie sech net méi an der Linn vun der rietskonservativer ADR erëmfonnt huet. Dat war déi Zäit, wéi de Fernand Kartheiser an de Roy Reding déi nei staark Männer vun der Partei gi waren.

Spéitstens no der Kooperatioun mat der PiD hat d'Piratepartei also schonn déi politesch Mëtt verlooss, wat seng potenziell Wieler awer net wierklech matkritt hunn, wahrscheinlech well si den Ursprong vun der PiD aus dem rietse Bord vum Lëtzebuerger Politspektrum net wierklech um Radar haten.

Den Ufank vun enger Kernschmelz?

Dofir dann och déi spatz Kreesch, wéi d'Pirate sech mat der ADR an der Chamber zu enger technescher Entitéit zesummegedoen hunn. An dofir och d'Verwonnerung vun der Parteispëtzt iwwer d'Vehemenz vun der allgemenger Indignatioun. Dat war awer keen Ufängerfeeler, dat war eng logesch Suite vun der Evolutioun vun der Partei - den Ufank vun enger Kernschmelze mat der ADR?

Déi Lëtzebuerger Onlinezeitung reporter.lu huet elo eng Partie Artikele publizéiert, bei deenen d'Fro am Raum stoung, wéi verschidde Kandidate mat den allgemenge Spillreegelen an der Politik géifen ëmgoen. Besonnesch den Europaparlamentskandidat aus dem Osten, dee mam Mupp, schéngt an dësem Fall e "Systemsprenger" ze sinn. Immobilienagent, President vun enger Asbl, déi sech dem Déiereschutz consacréiert an deemno och gären Donen unhëlt. Hie selwer spent och fir d'Parte,i an déi Reklammen an eegener Saach finanzéiert hien, fir se dann als Parteispend weiderzedeclaréieren, wat zwar net illegal ass, mee och net ganz elegant, well net wierklech transparent. Hie kënnt aus der PiD an huet ganz enk Kontakter zur Boulevard-Zeitung Lëtzebuerg Privat. Suen, Medien - déi klassesch Ingredienten, déi néideg si fir eng Partei an hir Kandidaten um Liewen ze halen.

Couverture vu reporter.lu war e sans-faute

Do donieft goufen et an deenen Artikelen nach eng Rëtsch Temoignagë vu Mataarbechter a fréiere Membere vun der Piratepartei, wou et ëm Mobbing, Drock, verbal Aggressiounen an de Verloscht vu Wäerter goung, fir déi d'Equipe sech bei der Grënnung agesat hat. Temoignagë wou d'Leit mat oppenem Viséier geschwat hunn an net nëmme sougenannt "beruffe Stëmmen aus dem Milieu". Vum journalistesche Standpunkt aus e sans-faute, am Géigesaz zu deem, wat Lëtzebuerg Privat esou liwwert.

Dunn d'Reaktioun vun der Piratepartei Süden op d'Artikele vu reporter.lu. Am Resumé: Fake News, Lügenpresse, politesch Elite. Déi mëttlerweil klassesch Rhetorik vu Populiste queesch uechter d'Welt, déi mam Réck zur Mauer stinn, aus dem ënneschten Tirang. Awer en Tabubroch fir Lëtzebuerg.

Wéi d'Piratepartei sech mat der ADR an der Chamber an eng Bänk gesat huet, war wéi gesot d'Opreegung grouss fir déi Leit, déi der Meenung waren, datt si sech net sollte mat de "Schmuddelkanner" ophalen. Elo mussen d'Pirate sech Gedanke maache fir net an eng Situatioun ze geroden, wou et d'ADR ass, déi sech d'Nues zoupëtze muss.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

D'Anne Heniqui ass Koordinatrice a Conseillière de 1ère classe am Educatiounsministère.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Goergen-Bumb.jpg Exklusiv
No Facebook-Post

"Eis Recherche baséiert op Temoignagen, an net op geleakten E-mailen oder soss Dokumenter." Dat seet de Christoph Bumb vu reporter.lu als Reaktioun op Virwërf vum Marc Goergen, Generalsekretär an Deputéierte vun de Piraten.

D'Piratepartei nom Kongress am Februar 2019
Piratepartei

D'Piratepartei huet kee President méi. De Starsky Flor an d'Marie-Paule Dondelinger sinn nei Co-Spriecher vun der Partei. Fir Onmutt suergt, datt d'Marie-Paule Dondelinger Member bei der PID ass.

Sven Clement
Chamberwahlen 2018

D'Pirate wéilte mat der PID eng Alternativ fir déi Leit bidden, déi onzefridde mat der Regierung sinn, d'CSV awer net wiele wëllen. Dat wier awer net ouni Reiwunge geschitt, seet de Sven Clement.

Sven Clement-5094.JPG
Piratepartei Lëtzebuerg

No de Wahltermäiner vun den nächste Jore kéint déi Lëtzebuerger Piratepartei een neie President kréien. Dat seet de Sven Clement, deen um Samschdeg fir ee weidert Mandat als President genannt gouf.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen