Lëtzebuerg ass dat éischt Land dat sech d'Covid-Gestioun vun der OECD bewäerte gelooss huet, an der Haaptsaach gouf dobäi d'Gouvernance gekuckt an de Beräicher Gesondheetssecteur, Educatioun an Ekonomie. Am Zentrum steet dobäi d'Effizienz vun de Mesuren an net hier Proportionalitéit.
Gutt Noute gouf et virun allem wéinst der gudder Reaktivitéit vun der Regierung an dem Gesondheetssystem. Generell waren d'Hëllefe fir Betriber a Privatleit generéis a konnte gréissere Schued offiederen. Och d'Impfkampagne, de large scale testing an d'Aarbecht vun der cellule de crise gi vun der OECD gutt bewäert. Dowéinst wier d'Iwwerstierflechkeet zu Lëtzebuerg och eng vun den niddregsten an der OECD gewiescht.
D'Pandemie hätt awer och d'Schwächte vum Gesondheetssystem gewisen, sou d'Francesca Colombo, zoustänneg fir de Beräich santé bei der OECD.
"Bien sur la question des ressources dans la santé, c'est vrai qu'il y a eu des mesures trés fortes, la mis een place d'une réserve, la mobilisation du personnel de santé. Mais le Luxembourg reste dépendant de l'étranger pour ces professions de santé et il a un nombre de médecins par nombre d'habitants qui est plus bas de ce qu'on trouve dans la moyenne de l'OECD."
Stierflechkeet an den Alters - a Fleegeheemer immens héich
Negativ opgefall ass nieft der méi héijer Stierflechkeet bei defavoriséierten an auslännesche Persounen awer och d'Stierflechkeet an den Alters-a Fleegeheimer. Déi war zu Lëtzebuerg eng vun den héchsten an der OECD. Net genuch Personal an net genuch Formatioun sinn dem Rapport no zwou Ursaachen. Am Secteur vun den Alters-a Fleegeheemer wier och méi spéit reagéiert ginn, wéi an de Spideeler.
Personalmangel an Ofhängegkeet vu Frontaliere si weider Schwächten
Aner Verbesserungsvirschléi betreffen d'Bäihëllefe vun deene jonke Leit, Independanten a Leit an Deelzäit. Donieft sollten d'Acteure vun der Educatioun an d'Cellule de crise agebonne ginn a generell d'Informatiounspolitik vis-à-vis vum Bierger verbessert ginn. Och wann dacks ënner Zäitdrock gehandelt gouf, misst ee méi Sputt loossen tëscht den Diskussioune mat de Partner an den Decisiounen déi da geholl ginn.
D'Pandemie huet awer och Schwächten opgewisen, notamment wat de Gesondheetssecteur ugeet. Hei ginn eng niddereg Zuel vun Dokteren pro Awunner an d'Ofhängegkeet vun de Salariéen aus de Nopeschlänner opgezielt. Och d'Laangzäitbehandlung a limitéiert Informatiounssystemer gi kritiséiert. Jonk Leit, Independanten an Zäitaarbechter hätten am nämmlechte Mooss vun de Bäihëllefen profitéiert wéi aner Salariéen. Generell gëtt vun der OECD e bessert Abanne vun de Bierger a vun eenzelen Acteure verlaangt, wann et ëm d'Krisegestioun geet.