Wëssenschaft Déi Jonk an den neiaartege Coronavirus

Wéi d'Schoulen nom Lockdown nees opgaange sinn, hu sech méi Kanner mam neiaartege Coronavirus ugestach, seet Isabel de la Fuente aus dem CHL. Mee et hätt een zanterhier keng schwéier Krankheetsverleef observéiert. Etüden aus ville Länner géifen iwwerdeems weisen, datt et seele gréisser Ausbréch an de Schoule ginn.

Pia Oppel / cz

Dr. Isabel De La Fuente Garcia
D'Dr. Isabel de la Fuenta Garcia

Dat géif notamment eng Analys vun der Europäescher Agence fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten (ECDC) weisen, bei där 15 Länner, dorënner Lëtzebuerg, betruecht goufen, esou d'Isabel de la Fuente.

An der Majoritéit vun de Länner wier et keng Transmissioun vum Virus an de Schoule ginn. Et wieren och keng Clusteren an de Schoulen entstanen, also Gruppen, an deene sech de Virus an der Schoul verbreet hätt. Eng Ausnam ass Israel, wou no der Ouverture vun de Schoulen eng weider Well entstane wier, obwuel eng Rei Mesuren en place gesat gi waren.

Ënnerscheeder tëschent Jugendlechen a Primärschüler

Eng detailléiert Analys vum Infektiounsverlaf am Educatiounswiesen hei am Land soll dës Woch ofgeschloss ginn. Fir d'Kannerdoktesch aus dem CHL ass awer elo scho kloer, datt sanitär Precautiounen an de Schoulen néideg sinn. D'Gestes barrières, d'Masken an déi generell Hygienesmesurë wieren néideg, an et misst ee sech och de verschiddenen Altersgruppen upassen. De Risiko bei Jugendleche wier net dee selwechte wéi bei Primärschüler.

Rezent wëssenschaftlech Erkenntnesser géifen dat confirméieren, wat een um Ufank vun der Pandemie schonn observéiert hätt. Deemno wiere Kanner ënner zéng Joer däitlech manner ustiechend wéi Jugendlecher - woubäi vill Facteuren eng Roll spillen. Wéi vill Virusmaterial an engem Mënsch ass, d'Immunitéit, mee och d'Unzuel u Kontakter, déi all Persoun huet, géifen eng Roll spillen, esou d'Isabel de la Fuente. Jugendlecher wieren deemno änlech ustiechend wéi Erwuessener.

Meeschtens kee schwéiere Krankheetsverlaf

An et géif sech och confirméieren, datt d'Kanner meeschtens kee schwéiere Krankheetsverlaf hunn, esou d'Isabel de la Fuente. Och wann net genee gewosst ass, firwat. Generell hätte Kanner awer manner Symptomer a géifen de Virus och manner verbreeden.

Am Abrëll a Mee ware guer keng Kanner wéinst dem Coronavirus am CHL hospitaliséiert, seet d'Kannerdoktesch. Am Kontext vun der zweeter Well vun Infektiounen zanter Juni wieren och keng Kanner am Spidol gewiescht, déi schonn an d'Crèche oder an d'Schoul ginn.

Hospitaliséiert goufe just véier Puppelcher, déi sech bei hiren Elteren ugestach haten. Dës wieren iwwerwaacht ginn, well si Féiwer haten. Et hätt kee Kand op der Intensivstatioun misse behandelt ginn, an et hätt een all d'Kanner mat engem gudde Verlaf nees kënnen heem schécken.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Covid-Test
COVID19-Tester

De Claude P. Muller relativéiert d'Ausso vun der Paulette Lenert iwwer d'Feelerquot bei de Covid19-Tester. Am Ufank wieren d'Tester manner sensibel gewiescht. Haut géif een de Virus méi fréi detektéieren.

COVID-19 Test
Covid-Tester

Bei de Covid19-Tester gëtt et keng 100 prozenteg Garantie, datt d'Resultat richteg ass. Besonnesch bei negativen Tester géif et eng héich Feelerquot ginn. Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen