Diskussiounen iwwer neit Wahlgesetz déi gréng a Pirate plädéieren och fir en eenzege Wahlbezierk

Nieft der LSAP schwätzen och déi gréng an d'Pirate sech fir een eenzege Wahlbezierk aus. Dat confirméieren déi zwou Parteien eis op Nofro hin. D'DP wëllt iwwerdeems nach keng Positioun bezéien.

Rick Mertens / cz

Wahlbüro
Foto: Bigstock / Alexandru Nika

De Wahlsystem soll "kritesch analyséiert" ginn. Esou steet et am Koalitiounsaccord. Elo deit sech lues a lues un, wéi eng Reform vum Wahlgesetz kéint ausgesinn. déi gréng si grondsätzlech fir en eenzege Wahlbezierk a géint duebel politesch Mandater, seet d'Fraktiounscheffin Josée Lorschée. Wéi dat genee soll ëmgesat ginn, misst awer nach analyséiert ginn. Zum Beispill, wann et drëms geet duebel Mandater ze begrenzen.

"Wann ech zum Beispill meng eege Situatioun kucken: Ech si Schäffen an Deputéiert. Wann ech elo géing soen, ech halen op als Deputéiert, well ech mech menger Gemeng wëll widmen, da kéint ech trotzdem mäi Schäffemandat net zu 100 Prozent ausféieren, well ech erëm misst Schoul hale goen."

déi gréng kënne sech dofir virstellen, d'Gemengemandater opzewäerten. D'Pirate wëllen d'Kombinatioun vu verschiddene politesche Posten iwwer d'Aarbechtszäit reegelen, seet den Deputéierte Marc Goergen. "40 Stonnen an der Woch soll de Politiker an der Woch schaffen a keng 60 oder 80 zesumme cumuléieren."

DP positionéiert sech nach net

D'DP wëllt am Moment nach keng Positioun bezeien. Et wéilt een oppen an d'Gespréicher eragoen, sou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. An der Partei géif sech dofir en Aarbechtsgrupp mam Thema beschäftegen.

"Wou mir als DP eis déi eng oder aner Iddi maachen a wou och vläicht klassesch Positioune vun der DP a Fro gestallt ginn, oder och net."

Wéi realistesch en eenzele Wahlbezierk an en Ofschafe vun den Duebelmandater ass, dierft sech am Laf vun der Woch weisen. D'CSV wëllt hir Positioun den Owend definéieren. An och déi Lénk an d'ADR wëllen sech zum Sujet äusseren.


De Panorama-Bäitrag vum Rick Mertens

Lauschteren

Méi zum Thema

Alex Bodry
Kontext Verfassungsreform

Hannergrond fir d'Fuerderung vun engem Wahlbezierk ass e Bréif vum Premierminister en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz. D'Parteie sollten dem Xavier Bettel bis gëschter hir Positioun zu dësem an aneren Theme matdeelen.

Claude Wiseler
Verfassungsrevisioun

D'CSV wëllt d'Prozedur fir eng nei Verfassung begleeden an ënnerstëtzen, egal ob d'Partei no de Chamberwahlen an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass. Dat seet de Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Simone Beissel
Verfassungsrevisioun

Et géif si wonneren, wann d'DP vum Referendum iwwer déi geplangten nei Verfassung géif ofgesinn, seet d'Simone Beissel. D'Populatioun misst minimum sechs Méint am Virfeld informéiert ginn.

Bodry-Meyers
Verfassungsreform

Déi nei Verfassung wäert fréistens Mëtt 2020 a Kraaft trieden, mengt den LSAP-Deputéierten Alex Bodry. Den Nach-CSV-Verfassungspiecher Paul-Henri Meyers ass perséinlech géint de Referendum.

Paul-Henri Meyers
Verfassungsrevisioun

De Paul-Henri Meyers geet dovun aus, datt ee sech nach virun der grousser Vakanz iwwer de Verfassungstext wäert eens ginn. Deen Text soll dann an der neier Legislatur gestëmmt ginn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen