SREL-PROZESS "Déi Ecoutte waren extra, eemooleg, net normal"
Um drëtten Dag vum Srel-Prozess gouf d'Gespréich Mille-Juncker, dat den 31. Januar 2007 opgeholl gouf, integral an der Sitzung gelauschtert. Och de Srel-Techniker gouf gehéiert an huet déi dräi ugeklote fréier Srel-Mataarbechter belaascht.
Hien huet wéi och schonn an der Instruktioun gesot, d'Ecoutten op de Loris Mariotto wieren "eemoleg" an "extra" an "net normal" gewiescht, well et keng schrëftlech Fiche fir d'Ecoutten op de Loris Mariotto gi wieren. Fir den Affekot vum fréiere Srel-Mataarbechter André Kemmer wier dat net relevant. Senger Usiicht no kéint dat och Schutzbehaaptung sinn, "well theoretesch wier jo jiddwereen am Service haftbar fir déi Ecoute, wa se illegal gewiescht wier".
Wisou de Srel Direkter Marco Mille méindes moies decidéiert huet, d'Ecoute vum Loris Mariotto net weiderlafen ze loossen, wéisst hien net, sou de Srel-Techniker, deen d'Majoritéit vun den Ecoutten am Geheimdéngscht geschalt huet. Den Donneschdeg de Moie gouf och d'Gespréich Mille-Juncker, dat den 31. Januar 2007 opgeholl gouf, integral an der Sitzung gelauschtert. Ënner anerem freet de Jean-Claude Juncker do de Marco Mille, op eppes bei der Ecoute iwwer de Weekend erauskoum. Fir de Pol Urbany ass dat kruzial.
"Contrairement zu deem wat de Jean-Claude Juncker gëschter sot, datt hie just geduecht huet, hie géif mat dem Testhandy opgeholl ginn, geet aus dem Enregistrement kloer ervir, datt vun deenen zwee Deeg geschwat ginn ass, wou d'Ecoute gelaf ass. An dat war net déi mam Testhandy. An och do huet den Här Juncker absolut näischt fonnt, wéi hie mam Herr Mille geschwat huet. Hie muss et also autoriséiert gehat hunn."
E weidere wichtege Punkt ass deen, op déi dräi Riichter déi urgent Prozedur fir de Loris Mariotto ofzelauschteren, hätte missten am Nachhinein validéieren oder net.
"Den Herr Mill seet: ech gi lo net bei déi dräi Riichter fir nodréiglech eng Autorisatioun ze froen. An och do huet den Herr Juncker guer näischt dobäi fonnt. Hien huet guer net insistéiert, datt elo misst d'Riichterkommissioun informéiert ginn iwwer déi Ecoute. Wat jo theoretesch kéint befriemlech sinn, wann een der Meenung wier, datt d'Riichter hätte misste befaasst gi mat dem dote Punkt."
D'Opnam Kemmer-Mariotto vum 26. Januar wäert iwwerdeems net am Geriichtssall gelauschtert ginn, an d'Defense kritt d'Toundatei och net zur Verfügung gestallt. Am Dossier gëtt et just e Verbatim vun deem Gespréich. De Freideg de Moien um 9 Auer geet et virun. Da ginn d'Enquêteure vun der Police Judiciaire gehéiert.