Wunnengsmaart Déi di hunn, an déi aner

D'Logementspräisser sinn am drëtten Trimester 2017 an der Moyenne 4,9 Prozent an d'Luucht gaangen - e gudde Rendement fir Immobilien-Investissementer. Den Internationale Währungsfonds mécht an engem rezente Pabeier eng Serie vu Recommandatioune fir den Drock op d'Wunnengspräisser ze bremsen. Ob dës Rezepter sprochräif si fir an en nächste Koalitiounsprogramm muss sech awer nach weisen.

Jean-Paul Hoffmann

Analys Jean-Paul Hoffmann
Jean-Paul Hoffmann

Mat enger Progressioun vu bal fënnef Prozent an engem Joer klammen d'Wunnengspräisser wesentlech méi séier wéi de Baupräis-Index a wéi déi allgemeng Inflatioun - an dat trotz alle politeschen Deklaratiounen, Aktiounspläng a Pactes logementen. De Käschtepunkt vum Wunnen ass en Thema, dat am Wahlkampf doudsécher präsent wäert sinn.

De Sujet ass och wichteg genuch, fir datt den Internationale Währungsfonds him a sengem rezenten Avis iwwert Lëtzebuerg e Kapitel gewidmet huet. An den Ae vum Fonds sinn d'Logementspräisser wuel problematesch, mä en ligne mat de Fundamentals, also explizéierbar. Lëtzebuerg huet eng gesond wirtschaftlech Croissance, gekoppelt mat enger Netto-Immigratioun. Dat féiert dozou, datt d'Demande no Logementer wäit méi séier wiisst wéi d'Offer. Mam Resultat, datt d'Präisser séier klammen.

Den Drock op Wunnengspräisser agrenzen

Dobäi kommen aner Reiwungsverloschter. Administrativ Barrièrë bremsen den Elan (d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg huet nach virun e puer Deeg bedauert, datt och d'Stad selwer et net fäerdeg bréngt, esou vill an esou séier ze bauen, wéi si dat gär géif maachen). Spekulatioun limitéiert d'Offer un Terrainen. A Subventiounen a Bäihëllefen hunn an enger Situatioun vu Pénurie dacks pervers Effeten an dreiwen d'Präisser weider no uewen. An dann hu mir nach net emol dovu geschwat, wéi komplizéiert et schéngt ze sinn, weider Bauschuttdeponien am Land anzeriichten.

Den FMI recommandéiert e "staarken Effort", fir den Drock op d'Wunnengspräisser anzegrenzen an d'Offer u bezuelbarem Wunnraum auszebauen. Dozou gehéieren d'Ophiewe vun administrative Restriktiounen, eng méi effektiv Besteierung vun net genotzte Baulandreserven, méi Sozialwunnengen, an eng méi selektiv Approche bei de Bäihëllefe fir de Kaf vu Wunnengen.

An da recommandéiert de Fonds och, d'systemesch Risiken am Immobiliemarché opmierksam ze beobachten.

Déi aner Säit vun der Medail

Do ass am Moment keen akuten Handlungsbedarf. D'Banken hunn hire Kapitalpuffer verstäerkt, a si kruten den Appetit op déi méi riskant Kreditter gedrosselt. Mä de Verscholdungsniveau vun den Haushalter stéisst un d'Schmerzgrenz. An do géif et nach méi wéi doen, wann den allgemengen Zënsniveau géif an d'Luucht goen.

All dës Virschléi vum International Währungsfonds maache wuel Sënn. Ob si et awer an an e Koalitiounsprogramm packen ass eng aner Fro.

D'Medail huet nämlech och eng aner Säit. Méi wéi 84 Prozent vun de Lëtzebuerger si Proprietaire vun hirer Wunneng. D'Präisaugmentatioune vun de leschte Joren si fir si och en zolitte Rendement op engem laangfristegen Investissement.

D'Konscht vun der Politik ass hei, fir d'Interête vun deenen, déi schonn hunn, auszebalancéiere mat deenen, déi nach net hunn.

An der Mediathéik:

Wirtschaftschronik / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Fir zu enger Gesellschaft ze gehéieren, ass et wichteg, eng Aarbecht ze hunn, mä och en Dach iwwert dem Kapp. Vill Awunner zu Lëtzebuerg kënne sech kaum eng Wunneng finanzéieren.

Dan Beck, Jos Dell a Jean-Paul Scheuren Riicht Eraus
Wunnengsmaart

D'Immobiliepräisser wäerte weider klammen, sou de Konsens vun dräi Professionellen aus dem Secteur an eiser Emissioun Riicht eraus. D'Diskrepanz tëscht Offer an Demande wier nach laang net geléist.

immobilien.jpg
Gemengewahlen

De Wunnengsmaart an der Lëtzebuerger Haaptstad boomt. Mä net jidderee kann dovu profitéieren. Wie ka sech nach eng Wunneng leeschten? Mécht d'Politik genuch, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen