Regierungsrot Definitiv: Neie Feierdag an zousätzleche Congésdag schonn 2019

Wann et der Regierung no geet, da soll den 9. Mee schonn dëst Joer e Feierdag ginn an d'Zuel vun de legale Congés-Deeg soll schonn 2019 op 26 pro Joer klammen. De Regierungsrot huet de Freideg de Moien den deementspriechenden Text ugeholl, deen elo an déi legislativ Prozedur geet, seet de Xavier Bettel op Nofro hin.

Serge Kesseler / cz

Kalenner-9.-Mee-Feierdag
2019 gëtt den 9. Mee zum Feierdag

"Et wier gutt ,wann dësen Text schonn dëst Joer kéint a Kraaft trieden", huet de Premier betount. D'Regierung hätt hir Hausaufgabe gemaach.

Et wier ee gudder Hoffnung, datt déi zousätzlech fräi Deeg schonn dëst Joer kommen, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch nom Regierungsrot.

Am Koalitiounsaccord steet, datt den Europadag e legale Feierdag hei am Land soll ginn an datt de gesetzleche Congés-Minimum vu 25 op 26 Deeg soll klammen. Eng automatesch Adaptatioun vun de Kollektivverträg op dësem Punkt soll et net ginn. Dem Xavier Bettel no soll um Europadag och un déi europäesch Errongenschaften erënnert ginn, z. B. un de joerzéngtelaange Fridden.

Am Regierungsprogramm steet och, datt de gesetzleche Congés-Minimum vu 25 op 26 Deeg soll klammen. Eng automatesch Adaptatioun vun de Kollektivverträg op dësem Punkt soll et net ginn.

"An da gëtt et jo nach ee supplemataire Congés-Dag, mee just fir déi Leit, déi am Moment och de Minimum vum Congé légal hunn. An dat soll, sou wéi mir et och an de Koalitiounsverhandlungen diskutéiert haten, schonn dëst Joer a Kraaft trieden."


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschteren

Méi zum Thema

Dan Kersch
Aarbechtsrecht

Haut Freideg géif hien de Projet de loi fir en neie Feierdag den 9. Mee am Regierungsrot presentéieren, seet den Aarbechtsminister. Iwwer eventuell Adaptatiounen um Text misst nach diskutéiert ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen