De Pol Urbany, Affekot vum fréiere Srel-Mataarbechter André Kemmer, schwätzt vun enger Affär iwwer d'Memoire vum Jean-Claude Juncker. Et géif een aus dem Dossier scho wëssen, datt de Jean-Claude Juncker sech net un d'Gespréich mam Här Mille erënnere kéint. "Dat ass de Kär vun der ganzer Geschicht", esou den Affekot.
D'Fro, ob et eng Autorisatioun vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker gi wier fir de Loris Mariotto ze iwwerwaachen, hätt schonn 2012 am Raum gestanen. "Wann dat Element schonn 2012 gefeelt huet, wat maache mir 2020 dann nach an engem Prozess?"
Gouf den Délai raisonnable iwwerschratt?
Och den Affekot vum fréiere Srel-Chef Marco Mille ass der Meenung, datt säi Mandant no enger vill ze laanger Prozedur misst fräigesprach ginn. De Procureur d'État war sengersäits net der Meenung, datt et en Depassement vum Délai raisonnable gëtt.
Et wier schwéier gewiescht en Datum ze fannen, dee jiddwerengem gepasst hätt. Datt Zäit verluer gaange wier, wier doduerch, datt d'Defense nach eng Kéier nei Plaintë gemaach hat.
Wie muss op der Uklobänk sëtzen?
Ee weidere Kritikpunkt vun der Defense war, datt de Prozess net equitabel wier. De Pol Urbany hätt eppes dogéint, datt de Jean-Claude Juncker als Zeie géif optrieden. "Fir d'Anhale vun deem Gesetz, ëm dat et hei geet, ass an aller éischter Linn de Chef du Gouvernement responsabel, also den Här Juncker."
Fir den Affekot vum Marco Mille dierft eigentlech just de Loris Mariotto op der Uklobänk setzen, deen hätt Saachen erzielt, "déi en duerno net méi oprecht erhalen huet".
De Procureur war allerdéngs och hei der Meenung, datt de Prozess equitabel wier.
Defense wëllt Zougang op Audiodateien
Um éischten Dag vum Srel-Prozess hunn d'Affekote vun der Defense ënner anerem gefrot, fir d'Audiodateie Juncker-Mille a Kemmer-Mariotto ze kréien. De Pol Urbany, Affekot vum fréiere Srel-Mataarbechter André Kemmer, wëllt déi Opnamen an der selwechter Qualitéit, wéi de Parquet se och huet:
"Ech wëll déi héieren, a Rou an der Etüd, mat mengem Client, sou dacks wéi ech wëll, a wéi ech et fir néideg fannen, an an enger Qualitéit, an där een eppes versteet. Well den Entretien tëschent dem Här Mille an dem Jean-Claude Juncker, dee mat der Auer opgeholl gouf, beweist, datt de Jean-Claude Juncker vun der Ecoute muss gewosst hunn a se autoriséiert huet. An dat ass e Kärpunkt, deen all déi aner Leit an dësem Prozess entlaascht."
De Procureur sot sengersäits, datt de Pol Urbany, Affekot vum André Kemmer, eréischt de leschte Freideg no den Audiodateie gefrot hätt. Et géif och d'Méiglechkeet ginn, déi Gespréicher an der Sëtzung ze lauschteren.
E Mëttwoch de Mëtteg um dräi Auer geet et virun, da wäert den Tribunal soen, wéi en op déi prinzipiell Kriticke reagéiert.