Weltraumressourcen Deep Space Industries bleift zu Lëtzebuerg

D'Firma Deep Space Industries hält um Standuert Lëtzebuerg fest - och nom Verkaf un en neien Aktionär. Dat sot eis de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Nofro hin. Nach am Januar solle bei engem Treffe mam neien Aktionär Detailer diskutéiert ginn.

Pia Oppel / cz

Space
Foto: Bigstock / Maximusnd

Eng zentral Fro dobäi kéint sinn, wéi staark de Space Mining - also den Ofbau vu Ressourcen am Weltall - nach en Zil, respektiv eng Prioritéit vun der Firma wäert sinn. Ëmmerhin huet de Lëtzebuerger Staat 2016 eng Kollaboratioun mat Deep Space Industries lancéiert, fir sech am Beräich vum Space-Mining als Standuert ze positionéieren. Wéi vill ëffentlech Gelder bis ewell an de Projet gefloss sinn, konnt de Minister op Nofro hin net präziséieren. Gegrënnt gouf doropshin d'Duechtergesellschaft Deep Space Industries Europe mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

Déi spezialiséiert Online-Publikatioun SpaceNews schreift, datt den neien Aktionär mam Numm Bradford Space sech weider op den Transport vu Satellitte wëllt spezialiséieren. Ee Vertrieder vu Bradford Space gëtt mat der Ausso zitéiert, hie géif et net ausschléissen, datt de Space-Mining op d'mannst als laangfristegt Zil poursuivéiert gëtt. D'Technologien, déi d'Firma entwéckelt, kéinten dobäi eng Roll spillen.

D'Space-Mining-Strategie vun der Regierung stoung rezent an der Kritik, well de staatlechen Investissement vun zwielef Milliounen Euro an d'Space-Mining-Firma Planetary Ressources wéinst der Faillite vun der Start-up verluer ass.

Wéi héich ass déi staatlech Hëllef fir Deep Space Industries?

Och Deep Space Industries, sou gouf et 2016 annoncéiert, sollt eng finanziell Hëllef vum Staat kréien. Eventuell géif een och Undeeler um Kapital vum Konzern huelen, huet et deemools geheescht. Eng präzis Strategie a genee Chiffere goufen zanterhier net bekannt. Ëm wéi vill Suen et geet, konnt de Minister op Nofro hin net präziséieren. Déi staatlech Investitiounsbank SNCI huet ee Prêt accordéiert. Fir wéi ee Montant wollt den SNCI-President Patrick Nickels net verroden.

Den Etienne Schneider schéngt am Fall vun Deep Space Industries awer net mat engem weideren Echec - an deemno dem Verloscht vun ëffentleche Gelder - ze rechnen. De Wirtschaftsminister verweist drop, datt Bradford Space zum Investitiounsgrupp mam Numm American Industrial Acquisition Corporation gehéiert, d'selwecht wéi zanter 2012 och de Produzent vun Aluminiumsfolien Eurofoil zu Diddeleng. De Chef vun AIAC, de Leonard Levie, wier 2016 hei am Land mam Business Award ausgezeechent ginn. Den neien Aktionär wier also "keen Onbekannten".

Méi zum Thema

Michel Delage Kommentar
Lobbyismus

De Magasinn Politico ernimmt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an engem Klassement vun europäesche Perséinlechkeeten. De Space-Business ënnerstëtzt hei een Hoffnungsdréier, mengt de Michel Delage.

1900 selfportrait
Fotografie

Ënnert dem Titel "Time space continuum" weist d’Villa Vauban 44 Fotografie vum Edward Steichen, déi d’Stad Lëtzebuerg 1980 kaf huet. D'Expo setzt sech mam eegene Wierk vum gebiertege Béiwenger auserneen.

Ikarie XB1
CinEast 2016

Am Kader vun der CinEast Space Night goufe kierzlech zwee Filmer gewisen, déi sech allen zwee ëm d'Weltraum dréinen. Deen ee warnt viru Propaganda, deen aneren ass selwer e Stéck Propaganda.

Space X.JPG
SES

​Op der amerikanescher Weltraum-Statioun Cape Canaveral ass eng Rakéit vun der Firma SpaceX explodéiert. Eng Firma mat där de Satellittebedreiwer SES zesummeschafft fir e Satellit ze lancéieren.

Shared space zu Barteng
Urbanismus

Eng Rei Lëtzebuerger Gemenge schaffen un engem sougenannte Shared space. D'Zil ass méi Liewensqualitéit duerch Verkéiersberouegung am Zentrum. Mee klappt dat och? Jo, seet d'Gemeng Bartreng.

Jean-Jacques Tortora
Weltraumpolitik

Space Mining wär ambitiéis awer net onrealistesch. Dat ass d'Aschätzung vum Jean-Jacques Tortora vum Europäeschen Institut fir Weltraumfuerschung. Hie begréisst déi avantgardistesch Approche vu Lëtzebuerg.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen