Wéi d'Annalena Baerbock virun e puer Wochen als Kanzlerkandidatin vun de Grénge presentéiert gouf, war d'Euphorie riseg. Net just bei der Partei selwer, ma gefillt ass iwwer ganz Däitschland eng Well vun Hoffnung geschwappt. Wie sech an den Deeg a Wochen no der Kür d'Titelsäite vun de groussen däitschen Zeitungen ugekuckt huet, hätt kenne mengen: déi Fra ass schonn als Kanzlerin gewielt.
Ma d'Souveränitéit, mat deenen déi Gréng hire Walkampf ugefaangen hunn, ass amgaange ze verfléien - inklusiv de Sondagewäerter, déi Ufank Fréijoer d'Leit scho vun enger grénger Regierungscheffin dreeme gelooss hunn. Mee wärend Debatten iwwer CO2-Stéier oder d'Ofschafe vu Kuerzstreckeflich Deel vum Geschäft sinn, ass déi rezentsten Affär vu ganz anerer Natur.
Feeler vun der Walkampfekipp
Datt d'Ekipp vun der Annalena Baerbock an de leschte Wochen Ännerungen un hirem offizielle CV virgeholl huet, stellt d'Spëtzekandidatin vun de Gréngen an eng schlecht Luucht. Aus zwee ganz bestëmmte Grënn.
Op der enger Säit stellt sech d'Fro vun der Preparatioun - an dorun ugehaangen d'Fro vun der Qualifikatioun. Wéi kann et sinn, datt der Ekipp vun der Kanzlerkandidatin elo eréischt opfält, datt all Detail aus dem Liewe vun der Annalena Baerbock hätt misse gecheckt ginn? Datt all minisculë Rass an der Rëschtung géif vu Journalist:innen oder Aktivist:innen opgeluecht ginn, a vu politesche Géigner:innen ausgenotzt ginn?
Och wann dëst déi wichtegst Bundestagswahl an der Geschicht vun den däitsche Gréngen ass, well méiglecherweis dat héchste Regierungsamt um Spill steet: Ufänger si se jo trotzdeem net. U sech. An der däitscher Press gouf an de leschten Deeg ganz konkret d'Fro gestallt: Wéi soll eng Ekipp, déi un esou Saachen net denkt, an e puer Méint eventuell d'Leedung vum Land iwwerhuelen?
Fragwürdeg Angaben am Liewenslaf
Dat ass deen ee Punkt. Deen aneren, par conter, betrëfft d'Annalena Baerbock selwer. Well wat seet et iwwert eng Persoun aus, datt se wuelwessend Punkten an hirem CV méi schéin oder impressionant duerstellt, wéi se wierklech sinn? Jo, et kann ee wuel soen: Dat sinn dach just Klengegkeeten. Mee sech an den CV ze schreiwen - wéi d'Annalena Baerbock et gemaach huet - et wier ee Member vun der UNHCR - engem Amt vun de Vereente Natiounen, bei deem eng Privatpersoun net ka Member sinn? Oder sech an de CV ze schreiwen, et hätt een dräi Joer zu Bréissel geschafft, obwuel et just ee Joer war? Dat ass dann awer opmannst e bësse fragwürdeg.
An et hannerléisst e battere Nogoût. Well e Bild vum Charakter vun enger Persoun entsteet, dat net onbedéngt positiv ass. Vun enger Persoun, déi sech als méi duerstellt, wéi se ass.