EUROPAPARLAMENT De "Wanderzirkus" setzt sech nees a Beweegung
No iwwert engem Joer Pandemie-Paus huet d'Europaparlament nees eng Sessioun vu senger Plenière zu Stroossbuerg. Frankräich hat ferm Drock gemaach an op d'EU-Traitéë verwisen. D'Europadeputéiert awer si gedeelter Meenung.
D'Majoritéit vun de 705 Europadeputéiert wäerte sech wuel net op Stroossbuerg deplacéieren. D'Pandemie ass nach net eriwwer, an et gëllt, eng Partie Mesuren ze respektéieren. Dat betrëfft net nëmmen d'Deputéiert, mee och déi parlamentaresch Assistenten.
No Stroossbuerg: Siwen Deeg a Quarantän zu Bréissel
Am Contraire zu de Parlamentarier musse si dacks nees zeréck op Bréissel. Dat ass komplizéiert, well an deem Fall net nëmmen d'Reegelen a Frankräich gëllen, ma dono och déi an der Belsch - mat obligatoreschen Tester plus eng Woch Quarantän, wëll een aus enger "zone rouge" zeréckkënnt.
Dat wier ze vill vun hire Mataarbechter verlaangt, seet d'Europadeputéiert Isabel Wiseler. Datt d'Leit dono doheem bleiwe mussen a mol net hir Kanner an d'Schoul féieren dierfen, géif beispillsweis zu Problemer féieren.
D'CSV-Politikerin huet dowéinst decidéiert, keng Assistentinne mat op Stroossbuerg ze huelen. Dat nämmlecht maachen eng Partie aner Deputéiert, wat hir Aarbechtskonditiounen däitlech méi schwéier mécht.
Hybrid-Sessioun: Online-Participatioun bleift méiglech
D'Decisioun, d'Sessioun do ofzehalen kéint si net novollzéien, sou d'Isabel Wiseler. Anescht gesäit dat den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel. "Et kann net ëmmer alles zu Bréissel sinn.
"Ech ënnerstëtze meng franséisch Kolleegen, déi sech fir de Sëtz vum Parlament zu Stroossbuerg asëtzen. Dat ass och ee Grond, firwat ech des Kéier dohi fueren."
Et kéint ee sech schliisslech eraussichen, ob en dat wëll maachen oder net.
D'Aschätzung awer, datt et ze fréi ass, elo schonn eng Sessioun zu Stroossbuerg ofzehalen deele vill Deputéiert.
Bréif vun EU-Deputéierten: Op mannst bis den 1. Juli waarden
Déi sëllege sanitär Mesurë goufen hinnen an enger interner Nott op véier Säiten erkläert. Do gëtt och drop opmierksam gemaach, datt een déi däitsch Reegelen net vergiessen dierf. Eng Partie Parlamentarier hunn d'Gewunnecht bei de Sessiounen zu Stroossbuerg direkt iwwert d'Grenz zu Kehl an Ëmgéigend ze iwwernuechten. Dat mécht d'Saach an dësem Fall net méi einfach.
Op déi komplizéiert Situatioun hunn eng 60 Deputéiert an engem Bréif un de Parlamentspresident Sassoli opmierksam gemaach. Et wier ze fréi, fir op Stroossbuerg ze goen, bis den 1. Juli soll den EU Covid Certificat gëllen, op mannst sou laang hätt ee kënne waarden.
Dat ass och d'Positioun vun der Fraktioun vun deene Gréngen am Europaparlament. Si hunn decidéiert, net op Stroossbuerg ze fueren. Och d'Tilly Metz suivéiert déi Consigne.
"Wéinst de sanitäre Mesuren a well een alles online suivéieren kann. Ofgestëmmt gëtt souwisou nëmmen online."
Diskussioun iwwert Sëtz zu Stroossbuerg nees am Gaangen
Datt d'Parlament wärend der Pandemie och konnt funktionéieren ouni datt sech den Tross vun Dausende vu Leit all Mount huet missen op Strosbuerg ze deplacéieren, huet d'Diskussioun iwwert deen Turnus-System nees nei un d'Rulle bruecht.
Schonn eleng aus ekologesche Grënn wier dee Wanderzirkus net onbedéngt sënnvoll, seet d'Tilly Metz. Et misst ee vläicht no anere Léisunge sichen. Et kéint een och mat engem anere Kalenner op Stroossbuerg goen, oder sech een anere Modell ausdenken. Allerdéngs steet och fir déi Gréng Politikerin fest:
"D'EU huet dräi Haaptstiedt: Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg".
Dorop pocht och de Marc Angel fir deen d'Europa-Parlament op kee Fall dierft ee virtuellt Parlament ginn. Do géifen immens vill Interaktioune verluer goen.
Impfméiglechkeet fir Assistenten an Deputéiert
Zu Stroossbuerg kréien Deputéiert an Assistenten iwwerdeems och d'Méiglechkeet, sech an engem Impfzentrum an der Stad impfen ze loossen. Déi franséisch Autoritéiten maachen dës Offer, fir datt Leit, déi dës Woch een Impftermin zu Bréissel oder an hirem Heemechtsland haten, dee Rendezvous net verpassen, respektiv dowéinst net op Stroossbuerg reesen.
A Frankräich goufen d'Prioritéiten, no deene Leit geimpft ginn, opgehuewen. Och zu Bréissel am Parlament hunn d'Employéeën an d'Europaparlamentarier d'Méiglechkeet, sech impfen ze loossen. Hei gëtt no belsche Reegele geimpft, eisen Informatiounen no sinn den Ament d'Leit am Alter vu bis zu 35 Joer un der Rei.
Ob déi franséisch Offer also elo vill Leit am Parlament iwwerzeegt, awer op Stroossbuerg, wäert sech dës Woch weisen. Frankräich labbert vum 9. Juni un seng Reegele fir anzereesen an och déi vum Couvre feu. Fir dës Parlaments-Sessioun kënnt dat allerdéngs ze spéit.