Déi international Konventioun vu Basel iwwer den Export vu geféierleche Substanzen soll verhënneren, datt den net gesënnerten Offall a Länner exportéiert gëtt, déi d'Technologie net hu fir deen Offall korrekt ze entsuergen.
Zanter dem éischte Januar dëst Joer ass een Amendement zu dëser internationaler Konventioun a Kraaft, déi Export vu Plastiksoffall a méi aarm Länner verbitt, erkläert de Paul Rasqué vum Ëmweltministère.
Den Export vum Offall ass limitéiert
Et ass deemno an der EU verbuede verschidden Zorte vu Plastik ze exportéieren, déi an der Konventioun festgehale gi sinn. Et ass och net erlaabt déi Zorte Plastik ze importéieren, déi schwéier ze recycléiere sinn. Den Export vu Plastiksoffall ass scho méi laang a Fro gestallt, well déi net getrennt Matièren a méi aarme Länner exportéiert goufen, wou se ënner anerem d'Mier an d'Natur verseucht hunn.
Länner ewéi China refuséieren déi problematesch Plastiksoffäll. Déi Entwécklung huet mat sech bruecht, datt an den Exportlänner, ënner anerem an der EU, de Recycling an d'Verwäertung vun de Ressourcen, déi doduerch entstinn, virugedriwwe ginn.
Verpackunge musse recycléiert ginn
Duerch europäesch Objektiver misste bis 2025 Ziler erreecht ginn, also 65 Prozent vum Verpackungsmaterial misst recycléiert ginn. Spezifesch beim Plastik musse ronn 50 Prozent vun de Verpackunge recycléiert ginn.
An der schwaarzer Dreckskëscht landen all Joer 193 Kilo Offall pro Awunner, 22 Prozent vun deem Offall ass Plastik oder Kompostmaterial.
Nom Prinzip Pollueur-Payeur mussen déi Konzerner, déi Plastik a Verpackunge vermaarten, och fir d'Entsuergung opkommen. Esou ass zu Lëtzebuerg d'Valorlux mat hiren bloen Tuten entstanen. Et ass eng Haus zu Haus Collecte, déi Matière gëtt dono erëm verschafft. Als éischt gëtt se awer an d'Ausland exportéiert, seet de Claude Turping, Direkter vu Varlorlux.
D'Valorlux huet zanter 2019 eng nei Anlag, déi iwwer Infraroutsensoren d'Matière première effikass ka sënneren, ënner anerem och Plastikstuten a Barquetten. Metaller an Aluminium kënnen och auszortéiert ginn. Duerch déi verschidde Prozedure kënnen 12 verschidde Materialie getrennt ginn - domat kéint een 98 Prozent vum Contenu sënneren.
Vum ganzen Offall, dee bei der Collecte gesammelt gëtt, ginn 8,6 Prozent net erëm verwäert, dorënner fält ënner anerem de schwaarze Plastik, well dee vun der Liichterkennungstechnik net erkannt ka ginn. Och Kartrong géif dacks an déi blo Tut vun der Varlorlux geheit ginn. Weider ginn et nach verschidde Plastiksverpackungen, déi iwwreg bleiwe kënnen.
Plastik vermeiden, reduzéieren an nach eng Kéier benotzen
D'Recyclingsparken zu Lëtzebuerg ginn nach méi wäit ewéi d'Asammelen: fir si geet et drëm vu vir eran de Konsum un Emballagen ze reduzéieren, seet den Tom Majeres, zoustänneg fir de Recyclingszenter Hesper a President vun RAL Gütezeichen Rückkonsum. Et géif virun allem drëm goen de Konsum de Plastik ze evitéieren, ze reduzéieren oder nach eng Kéier ze benotzen.
An de Recyclingszentere géif probéiert ginn méiglechst vill Zorte Plastik ze sënneren, doduercher kéint nämlech och besser recycléiert ginn. Zesumme mat aneren Recyclingszenter an der EU probéiert een iwwer den Label RAL Gütezeichen Rückkonsum Normen ze schafe fir e gemeinsame Standard ze kréien, erkläert de Tom Majeres.
Gréisser Changementer ginn et zu Lëtzebuerg an Zukunft iwwert d'Reform vum Offallgesetz, wou et nach méi ewéi bis elo ëm d'Kreeslafwirtschaft geet, an net méi ëm den einfachen Offall.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.