Medien De radio 100,7 kritt een eegent Gesetz

An der Chamber stoung de Mëtteg och d'Gesetz iwwer de Media 100,7 zur Debatt. Den ëffentlech-rechtleche Sender hat bis elo keen eegent Gesetz obwuel en zënter 30 Joer besteet.

Jacques Ganser / cz

radio 100,7

Mam neien Text gëtt de Finanzement, d'Gestioun an d'Onofhängegkeet vum Radio gereegelt, respektiv garantéiert. De Radio 100,7 hätt 30 Joer no engem schwieregen Ufank seng Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft fonnt, sou d'LSAP-Deputéiert Francine Closener.

Zoustëmmung fir dëse Projet koum vun alle Säiten, d'ADR huet sech allerdéngs enthalen. Dem Fernand Kartheiser no wier de Radio 100,7 en tendenziéise Sender. Op Nofro vun der grénger Fraktioun, datt hie sollt Beispiller nennen, konnt den ADR-Deputéierten awer keng prezis Äntwert ginn.

Méi zum Thema

Gebai vum radio 100,7
Radio 100,7

De radio 100,7 brauch een neit Gesetz, soen europäesch Experten. Dat weisen awer och problematesch Entwécklungen um Enn vun dëser Legislaturperiod. Eng Mediechronik vun der Chefredaktioun.

Table Ronde
25 Joer 100,7

Missten de Finanzéierungsmodell an d'Gouvernance iwwerduecht ginn, fir d'Onofhängegkeet vum ëffentlech-rechtleche Radio ze stäerken? Um 25. Anniversaire vum radio 100,7 ass doriwwer diskutéiert ginn.

Jean-Paul Hoffmann
radio 100,7

Den Direkter vum radio 100,7 huet demissionéiert. No fënnef Joer un der Spëtzt vun dësem Radio wier d'Zäit fir e Wiessel komm, esou de Jean-Paul Hoffmann. Säi Preavis leeft bis Enn November.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen