arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 feiert Gebuertsdag!

Event

|
reading time

2 min

De radio 100,7 feiert Gebuertsdag!

Dëse Sonndeg feiert de radio 100,7 seng 25 Joer an invitéiert jiddweree fir dobäi ze sinn. De Spezialprogramm op Antenn an op der Plaz zitt sech iwwer de ganzen Dag.

reading time

2 min

Vu Moies 10 bis owes 18 Auer stinn d'Diere vum radio 100,7 um Kiechbierg grouss op. Fir ee Bléck hanner d'Kulisse vun eiser Aarbecht ze geheien, ginn iwwer de ganzen Dag verdeelt guidéiert Visitte mat eise Mataarbechter gemaach (10:00, 13:00, 15:00, 17:00 Auer). Um Festprogramm steet awer nach villes méi ...

An de Studioen

  • De ganzen Dag iwwer: Live Interviewe mat fréiere Mataarbechter a Responsabele vum radio 100,7 grad wéi Perséinlechkeeten aus Kultur an Zivilgesellschaft
  • 13:30 Auer: Concert vun der Pianistin Sabine Weyer
  • 14 Auer: Radioworkshop fir Kanner
  • 17 Auer: Concert vun der Pianistin Françoise Tonteling

Am Zelt op eiser Terrass

  • 11 Auer: Debat tëscht dem Premier- a Medieminister Xavier Bettel, dem Jean-Paul Hoffmann an dem Jean-Lou Siweck. Moderatioun: Maurice Molitor
  • 12:15 Auer: Concert vum Lëtzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher, zesumme mat der Anik Schwall (Cello) an der Sophie Urhausen (Braatsch).
  • 15:30 Auer: Concert vum Lëtzebuerger Vibraphonist Pascal Schumacher, zesumme mat der Anik Schwall (Cello) an der Sophie Urhausen (Braatsch).
  • De ganzen Dag iwwer: DJ-Sets vun de Membere vun eiser Museksredaktioun

An der Bibliothéik

  • 14:30 Auer: Concert vum Lëtzebuerger Produzent vun elektronescher Musek AAMAR
  • 16 Auer: Literatur am Gespréich: D'Valerija Berdi diskutéiert mam Editeur Gollo Steffen an dem Auteur Jean Back iwwer déi Lëtzebuerger Bedeelegung op der Frankfurter Buchmesse
  • 17:30: Concert vum Lëtzebuerger Alternative R&B Kënschtler Edsun

Mellt Iech un a kommt e Sonndeg laanscht, mir freeën eis op Iech!

Eis Adress:

21a, Avenue J.F. Kennedy L-1855 Luxembourg

Arrêt Tram: Coque

Parking: Coque 2, rue Erasme