Affär "School Leaks" De Ministère ass net zefridde mam Uerteel

Déi véier Ugekloten, déi Examensfroen vum Opnamtest fir de Secondaire weidergeleet haten, sinn um Donneschdeg alleguer fräigesprach ginn. De Lex Folscheid vum Educatiounsministère seet, d'Geriicht hätt Contraire zu der Praxis gehandelt. D'Uerteel géif dem Beruffsgeheimnis vun all de Beamten, net just den Enseignanten, d'Grondlag huelen.

Matthias Kirsch / nw

Gesetz

Mam Uerteel géif d'Geriicht contraire zu der Praxis handelen, seet de Lex Folscheid, éischte Conseiller am Educatiounsministère. Dës Interpretatioun vum Beruffsgeheimnis géif méi no un där leien, wéi se bei Affekoten oder Dokteren applizéiert gëtt. Well d'Ugekloten Informatioune vum Educatiounsministère, an net vun enger Privatpersoun, verëffentlech hunn, hätte si sech net strofbar gemaach. D'Geriicht uerteelt, datt Examensfroen keng perséinlech Informatioun vum Ministère wieren.

Konsequenzen iwwert d'Educatioun eraus

Wann dat doe Jugement géif esou akzeptéiert ginn, dann hätt dat wäitreechend Konsequenzen, déi iwwert d'Education nationale eraus géife goen, esou de Lex Folscheid. Et misst sech gefrot ginn a wéi wäit de Secret personel vum Beamten iwwerhaapt nach eng Grondlag hätt, wann de Beamten héchstens disziplinarrechtlech Konsequenzen ze fäerte bréicht. Hien hofft, datt dat lescht Wuert am School Leaks Prozess nach net gefall ass.

De Parquet huet sech nach net dozou geäussert, ob en an Appell geet.

De Stéphane Decker fënnt, datt d'Uerteel zu engem "Vide juridique" géif féieren. Well de Mann vun enger vun den Ugekloten kee Fonctionnaire ass, wier hien am Endeffekt guer net bestrooft ginn, sou den Affekot vun der Partie civile. D'Enseignante sinn disziplinaresch - also mat Suspensiounen - bestrooft ginn. De Stéphane Decker fäert, datt de School Leaks Prozess e geféierleche Prezedenzfall kéint ginn, well ee fir d'Verëffentlechung vun Examensfroen strofrechtlech net veruerteelt kéint ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen