Chronik De Markus Söder spillt op Risiko
De bayresche Ministerpresident Markus Söder ass ouni Zweiwel ee vun de politesche Gewënner vun der Corona-Kris an Däitschland. Och, well hien dacks als éischten a konsequent gehandelt huet. Elo wëllt de Markus Söder a Bayern all Mënsch op Corona testen - fir näischt. Hien trëfft domat op Widderstand.

Vun dësem Mount u wëllt déi bayresch Regierung hir ganz Bevëlkerung teste loossen - 13 Millioune Leit. An dat nom Motto: "Séier, fir näischt, fir jiddwereen." E Massentest also, komplett bezuelt vun der Regierung, fir de stolze Präis vun 200 Milliounen Euro.
Succès bei de Wieler
De Markus Söder ass domat deen éischten däitsche Politiker, deen d'Fuerderung no Massentester konkret ëmsetzt. Déi Positioun ass fir hien, besonnesch an der Corona-Kris, net nei. Bayern huet am Mäerz als éischt Bundesland dicht gemaach, a viregt Woch huet Bayern als éischt déi nei Reesbeschränkunge fir Touristen aus Hotspot-Regiounen ageféiert.
Mat sengem séieren Handelen huet de Söder Succès gehat - net just géint de Virus, virun allem a sengem eegenen Interêt. Seng Sondagewäerter sinn astronomesch, genee wéi déi vun der CSU a Bayern an déi vun der Unioun op nationalem Niveau.
Eng falsch Sécherheet
An trotzdeem: mat sengem Virpersche bei de Massentester dierft de Söder sech verzockt hunn. Well de Widderstand ass grouss - souwuel aus der Politik wéi och aus der Wëssenschaft.
Den Haaptproblem sinn déi sougenannte PCR-Tests, déi benotzt ginn an ebe just eng Momentopnam sinn. Wien negativ getest gëtt, ka sech eben e puer Minutte méi spéit enzwousch anescht ustiechen. An trotzdeem féiert e negatiivt Resultat eben dozou, datt Leit sech a Sécherheet spieren - a vläicht méi riskéieren, wéi si et ouni Test gemaach hätten.
Géint d'Strategie vun der Bundesregierung
Virun allem setzt de Markus Söder heimat op eng Strategie, déi där vun der Bundesregierung entgéint geet. Där hiert Testkonzept cibléiert eng héich Qualitéit vun den Tester, an net eng héich Quantitéit. Dat heescht: et soll zwar vill getest ginn, mee virun allem sollen déi richteg Leit getest ginn.
Deementspriechend decidéiert huet sech och de Gesondheetsminister Jens Spahn géint dem Söder seng Propos gestallt.
Politesche Gewënner
De Markus Söder ass bis elo ee vun de grousse politesche Gewënner aus der Kris hei an Däitschland - säi Corona-Management kéint hien d'nächst Joer mat enger Kanzlerkandidatur kréinen, ganz ausgeschloss ass dat net.
Mee seng Test-Offensiv setzt aner Ministerpresidenten ënner Drock a stellt d'Bundesland Bayern nees an eng Sonderroll - eppes, wat historesch fir schlecht Stëmmung am Rescht vun der Republik suergt. A wann duerch d'Massentester a Bayern op eemol Tester feele fir déi Leit, déi se wierklech brauchen - da kéint dës Avance ganz schéin no hanne lassgoen.