Conseil économique et social De Logement gouf vergiess

Kuerz virum Etat de la Nation huet de Wirtschafts- a Sozialrot säin Avis iwwer déi wirtschaftlech, sozial a finanziell Entwécklung vum Land publizéiert. D'Politik gëtt dora mat enger Rei Reflexiounen a Propositioune konfrontéiert.

Maurice Molitor / cbi

De Logement gouf vergiess
Foto: Bigstock / poungsaed

Den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot huet zwee Deeler: An deem enge kann een déi ganz detailléiert Analys vum Patronatsverband UEL, an deen net manner detailléierte gemeinsame Pabeier vun de Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP iwwer d'Lag vum Land noliesen. An deem aneren Deel geet et ëm de Wunnengsmaart: De Conseil économique et social (CES) konfrontéiert d'Politik dora mat enger Rei Reflexiounen a Propositiounen.

Et brauch een och Wunnengen

Den CES fënnt et bosseg, datt déi verschidde lescht Regierungen alleguer, eng no där anerer, op spektakuläre Wuesstem gesat hunn. Dobäi hätte se alleguer vergiess drun ze denken, datt een - wann ee wuesse wëll - och Wunnenge brauch.

Wuesstem féiert eben dozou, oder kënnt dohier, datt ëmmer méi Leit an d'Land kommen. Well een dovun ausgoe muss, datt dat och nach esou virugeet, géif et an der Wunnengsbaupolitik net just drëm goen e Retard opzehuelen, mee et misst ee sech lafend op nei Besoinen astellen. Dat wier schwiereg, aktuell souguer zimlech onméiglech, mengt de Wirtschafts- a Sozialrot.

Net genuch Informatiounen

Et géif un Informatiounen iwwer de Wunnengsmaart, an alles wat domat zesummenhänkt, feelen: U präzisen, detailléierten Donnéeën, déi wëssenschaftlech erfaasst an analyséiert ginn. Géint déi Lacune misst dréngend eppes ënnerholl ginn, well een nëmmen op der Basis vun esou enger Etüden adaptéiert a geziilt Moossnamen, déi och eppes bréngen, kéint decidéieren an ëmsetzen.

D'Zil ass fir de CES awer elo scho kloer: Bis elo wier ëmmer nëmmen op der Säit vun der Demande agéiert ginn. Déi Demande ze subventionéieren, schéngt déi eenzeg d'Kompetenz vum Logementsminister ze sinn, schreift de CES scho bal e bësse sarkastesch.

De Staat ass gefuerdert

An Zukunft misst op der Säit vun der Offer ugesat ginn. Dee gréisste Problem wieren d'Terrainspräisser. Mee wéi kritt een déi an de Grëff? Ob eng Erweiderung vun de Perimeteren d'Léisung ass, doriwwer si Patronat- a Salariatsvertrieder sech net eens. Och an der Fro, ob de Staat no Regioun maximal Präisser pro Ar festsetze soll, ginn et ënnerschiddlech Vuen. Mee datt et de Staat ass, deen haaptsächlech gefuerdert ass, ass onëmstridden.

An dee Staat dierft u sech an där Saach net duerch déi helleg kommunal Autonomie ausgebremst ginn. Et misst an Zukunft méi dicht gebaut ginn, méi an d'Héicht. An och d'Prozedure missten - trotz de Verbesserungen déi d'Omnibus-Gesetz scho bruecht huet - weider vereinfacht ginn.

Proposen zur Locatioun

De Wirtschafts- a Sozialrot mécht och Proposen, wat de Locatif ubelaangt. E fuerdert zum Beispill eng gesetzlech Basis mat steierlechen Avantagë fir d'Colocatioun. D'Wunngemeinschafte sinn am Gesetz iwwert de Bail à loyer net virgesinn.

An zu gudder Lescht proposéiert en nach d'Schafe vun engem Comité de concertation, e Gremium, deen d'Situatioun um Wunnengsmaart permanent am Bléck behält, Analyse mécht, Evaluatioune vu Moossnamen a Propositioune formuléiert, an d'Regierung eemol d'Joer an engem Rapport mat all deenen Erkenntnisser fiddert.

Méi zum Thema

Diane Dupont
Fonds du Logement

"Et muss een d'Blat ëmdréinen an no vir kucken", seet déi nei Presidentin vum Fonds du Logement. Aktuell stinn 3000 Dossieren op der Waardelëscht, dofir misst ee Prioritéite setzen, seet d'Diane Dupont.

Logement
Themendag Logement

Lëtzebuerg huet en héije wirtschaftleche Wuesstem, d'Bevëlkerung wiisst, mä et feelt u Wunnengen. Wouduerch ass dat bedéngt, wat kënnen de Staat an d'Gemenge maachen, a wéi eng alternativ Wunnforme ginn et?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen