GovSat-1 De wirtschaftlechen Notze vum Militär-Satellit

De Satellit GovSat-1 dierft mat liichtem Retard lancéiert ginn. Den initiale Plang war e Lancement am Oktober. Vun der privater US-Entreprise SpaceX hätt een elo eng Zäitfënster confirméiert kritt. A priori fir Dezember, sou de Generaldirekter vu LuxGovSat Patrick Biewer. Enn 2017, respektiv Ufank 2018 soll de Betrib vum sougenannte Militär-Satellit kënnen ufänken.

Serge Kesseler / nw

E Satellit am Orbit
De Lancement vum Satellit GovSat-1 ass fir Enn 2017 geplangt (Illustratioun: Bigstock / Andrey Armyagov)

D'Iddi vun engem Militär-Satellit gouf virun dräi Joer lancéiert. D'Joint Venture tëschent dem Staat an dem Satellitten-Operateur SES war Ufank 2015 ënnerschriwwe ginn.

D'Zil vun der gemeinsamer Gesellschaft ass de Lancement an d'Bedreiwe vun engem Satellit fir, ënnert anerem, militäresch Zwecker. "Dee Satellit ass ee Militär- a Kommunikatiounssatellit a gëtt Enn dës Joers eropgeschoss. Den Interêt fir Kapassitéiten ze kafen ass bei ganz ville Länner ganz grouss", sou d'Staatssekretärin Francine Closener.

Observatioun, eng militäresch Aktivitéit

2016 wier e Vertrag fir 100 Milliounen Euro iwwer zéng Joer mat der Lëtzebuerger Direktioun vun der Defense ofgeschloss ginn, seet den Direkter vun der Joint Venture LuxGovSat, Patrick Biewer. "Dat war fir eis eisen éischte Vertrag, an ass och ee ganz wichtegen. Am Moment si mir an Diskussioune fir en ganz Rei vu grousse Projeten, déi sech haaptsächlech am Kontext vun der NATO befannen, mä och eng Rei vun NATO-Partnerlänner."

Beim éischte Vertrag vum November 2016 geet et drëm, datt Lëtzebuerg der NATO Satellitte-Kommunikatiouns-Capacitéite zur Verfügung stellt, fir een Iwwerwaachungsprogramm mat Observatiounsdronen.

Déi Lénk kritiséieren, datt et nach ëmmer net kloer wier, wéi eng Zort vun Drone mam Militär-Satellit kënne gesteiert ginn. De Verdeedegungsminister Etienne Schneider hätt gesot, datt et keng Observatiounsdrone wieren, seet den Deputéierten David Wagner. "Dat heescht si wieren net bewaffnet. 2015 konnt een awer schonn aus der Press erausliesen, datt d'SES trotzdem militäresch Drone steiert. Och wann et reng Observatiounsdrone sinn, e Krich besteet och aus Observatioun an Observatioun ass och eng militäresch Aktivitéit."

Wirtschaftlech wichteg fir Lëtzebuerg

Den Direkter vu LuxGovSat, Patrick Biewer seet, datt mam Lëtzebuerger Militär-Satellit keng arméiert Drone gesteiert ginn. Aus technesche Grënn, mä och well déi Staaten, déi där Dronen hunn, eege Satellitte-Systemer hätten. Donieft hätt d'Gouvernance entspriechend Mechanisme virgesinn, an dat internationaalt Recht misst vun den Notzer respektéiert ginn.

Lëtzebuerg stéing ënner Drock fir seng Depensen am Verdeedegungsberäich an d'Luucht ze setzen, sou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. De GovSat-1 kéint senger Meenung no e wichtege Bäitrag an deem Sënn sinn, mat engem wirtschaftleche Retour fir Lëtzebuerg.

Wann dëse Satellit bis funktionéiert, a jee no Besoin, wëllt d'Direktioun vun der Defense analyséieren, ob eventuell weider GovSate kéinte lancéiert ginn. De Fernand Kartheiser seet, et wier eng Fro vun der Offer an Nofro, och am militäresche Beräich. "Mir sinn der Meenung, datt dat do e gudde Wee ass fir e sënnvolle Bäitrag ze leeschten. Dat heescht, soulaang et eng nëtzlech Kontributioun ass fir d''EU oder d'NATO, oder wien och ëmmer dann dorunner interesséiert ass." Et wier eng Valeur ajoutée, déi Lëtzebuerg eng Visibilitéit géif ginn.

36.000 Kilometer iwwert dem Kongo

Dem Patrick Biewer no wier et ëmmer interessant, wann e méi global kéint agéieren, dat heescht a weidere Regioune vun der Welt Kommunikatiounsleeschtungen kéint ubidden. "En éischte Fokus ass den Asia-Pazifik-Beräich. Dat ass ee Beräich, dee sech am Moment ganz staark developpéiert a punkto Demande. An deementspriechend wäerte mir och all eis Optiounen dee Moment auswäerten an zum passenden Zäitpunkt dat Ganzt mat eisen Actionnaire beschwätzen, a wéi fern mir sou Pläng och verwierkleche kënnen."

De GovSat-1 soll op eng geo-stationär Positioun op 21,5 Grad Ost gesat ginn, 36.000 Kilometer iwwert dem Kongo. En hätt eng Visibilitéit vu Brasilien bis Singapur. Bannent dëser Ofdeckung kënne Kommunikatiouns-Servicer ausgefouert ginn.

Investissementer scho bal fäerdeg

Fir de Projet GovSat sinn 225 Milliounen Euro virgesinn, sou de Patrick Biewer. De gréissten Deel vum Investissement wier fir de Satellit, de Lancement an déi néideg Assurancen. "A vu datt dat Ganzt op de Bau an op de Lancement bezunn ass, an de gréissten Deel vun deenen Aarbechte ofgeschloss sinn, hu mir elo de gréissten Deel vun den Investissementer scho gemaach."

Déi privat S.A. LuxGovSat huet zënter 2015 13 Leit agestallt. Domat hätt e praktesch dat komplett operationellt Personal, sou den Direkter, dee selwer zënter zwee Joer op sengem Posten ass. Bis Enn 2017 bleiwen nach zwee Posten ze besetzen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Philippe Glaesener.JPG
Wirtschaft

De Satellittebedreiwer wëllt an de chinesesche Marché eraklammen. D'SES kéint awer net dofir responsabel gemaach ginn, datt déi chinesesch Regierung den Internet staark iwwerwaacht, esou de Philippe Glaesener.

Xavier Bettel a Justin Trudeau
Visite vum Xavier Bettel a Kanada

Kanada gëtt als Partner envisagéiert fir de Projet vum Lëtzebuerger Militär-Satelitt GovSat. Dat gouf de Premier Xavier Bettel op der Aarbechtsvisite a Kanada am 100,7 Interview bekannt.

Houston, Tx/usa - Circa July 2013: Astronauts In Space Suits In Lyndon B. Johnson Space Center, Hous
Spaceresources

Déi international Promotioun vu spaceresources.lu ass e Succès. D'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcë muss sech nach entwéckelen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen