Juristesch Ausenanersetzung De Kierchefong geet géint d'Associatioun Saints Pierre et Paul vir
Knapp zwee Joer no der Grënnung vum Kierchefong fir d'Avoire vun der kathoulescher Kierch ze geréieren, ënnerhëlt de Fong juristesch Schrëtt géint eng Associatioun vun Hollerech. D'Associatioun Saints Pierre et Paul a siwe vun hire Membere kréie virgeheit, d'Reegele fir d'Transaktioun vun de Proprietéiten an Avoiren ze ëmgoen. Dat geet aus enger Assignatioun ervir, déi un déi Concernéiert gaangen ass, an déi eis virläit. De Reproche: D'Associatioun wier gegrënnt gi fir dem Kierchefong d'Akommesquelle vun der fréierer Hollerecher Kierchefabrick virzëenthalen.

De Kierchefong freet Schuedenersatz an Héicht vu ronn 70.000 Euro. Zweetens wëllt de Fong geriichtlech erreechen, datt d'Hollerecher Associatioun opgeléist gëtt, fir datt dem Fong näischt méi ka virenthale ginn.
Déi lokal Kierchefabricken, déi d'Avoire vun der Kierch bis dohi geréiert hunn, ware virun zwee Joer wéinst der Trennung tëschent Kierchen a Staat opgeléist ginn. Zanterdeem gëtt et de Kierchefong, eng zentral Struktur fir d'Avoire vun der Kierch ze geréieren.
D'Hollerecher Associatioun kritt elo vum Kierchefong virgeheit, de Fong ze ëmgoen. D'Zil vun der Associatioun gëtt net verstoppt: Hirem Objet social no geet et drëms: "de gérer et de défendre par tous les moyens y compris par des actions judiciaires, les intérêts moraux et matériels de la paroisse y compris l'universalité du Patrimoine de la fabrique d'église (...) de Hollerich."
Den ale Fonctionnement vun der Kierchefabrick soll also oprecht erhale ginn
Konkret hu Membere vun der fréierer Hollerecher Kierchefabrik mat der neigegrënnter Associatioun Mietverträg ofgeschloss. D'Juriste vum Kierchefong argumentéieren, doduerch hätt déi Hollerecher Associatioun d'Immobilië vun der aler Kierchefabrik dem Fong de facto entzunn. Zanterdeem hätt de Fong och ni e Loyer kritt vun der Associatioun, déi hirersäits d'Immobilien zu engem erhéichte Loyer weiderverloune géif. Och anert Akommes vun der Por zu Hollerich, wéi zum Beispill d'Affergeld, hätt de Kierchefong ni kritt.
Den Affekot vun der Associatioun wollt sech net weider äusseren. E Member vun der Associatioun huet eis schrëftlech matgedeelt, datt hien et schued fënnt, datt de Kierchefong net den Dialog gewielt, mee d'Justiz saiséiert hätt. Hie weist op de méi generelle Konflikt tëschent dem Bistum an enger Majoritéit vun de fréiere lokale Kierchefabricken hin: D'Verfassungsgeriicht hätt nach net entscheet, ob d'Konventioun tëschent dem Bistum an dem Staat, an domat d'Opléisung vun de Kierchefabrike verfassungskonform ass: eng Uspillung dorop, datt de Syfel, den Daachvervand vun de Kierchefabriken, juristesch géint hir Opléisung virgaangen ass. An éischter Instanz hu si verluer.
De Kierchefong huet eis dat juristescht Virgoe géint d'Hollerecher Associatioun bestätegt, wëllt awer weider keng Stellung huelen.