International Politik De Jean Asselborn an Afghanistan

De Jean Asselborn war fir eng Aarbechtsvisite vun engem Dag an Afghanistan. De Lëtzebuerger Diplomatiechef hat zu Kabul Gespréicher mam afghanesche President Aschraf Ghani, mam Ausseminister a mam NATO-Vertrieder. Zentral Sujete waren d'Friddensgespréicher, déi d'USA zanter dem leschte Summer mat den Taliban féieren an déi fir de Juli annoncéiert Presidentschaftswahlen an Afghanistan.

Serge Kesseler (Masar-e Scharif, Afghanistan) / cbi

De Jean Asselborn am Afghanistan
De Jean Asselborn an Afghanistan. Foto: Serge Kesseler.

"Afghanistan ass an der vläicht wichtegster Phas zanter 2001", esou eng Conclusioun vum Jean Asselborn no senge politesche Gespréicher zu Kabul. Dowéinst misst e vläicht och e wéineg onkonventionell virgoen, erkläert de Minister.

Datt d'USA zanter dem leschte Summer am Golfemirat Katar Gespréicher mat den Taliban féieren, misst net onbedéngt eppes Negatives sinn. Et wier allerdéngs "e bëssen tricky", datt d'Taliban mat den Amerikaner verhandelen, an net mat der afghanescher Regierung oder mam President.

Kee Schratt hannerzeg

D'Gespréicher USA-Taliban missten zu engem inner-afghaneschen Dialog féieren, an déi afghanesch Verfassung misst respektéiert ginn, hofft de Jean Asselborn.

Donieft missten d'Errongenschafte respektéiert ginn. Den Ausseminister nennt hei d'Beispiller vun der Scolarisatioun vun de Meedercher, d'Rechter vun de Fraen an d'Rechter vun de Minoritéiten.

D'Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan

De Jean Asselborn hat och nach Gespréicher mat den zwee Membere vun der Lëtzebuerger Arméi, déi am Kader vun der NATO-Ausbildungsmissioun am Camp Marmal bei Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert sinn.

An dësem Militärlager ënner däitschem Kommando sinn eng 2.000 Zaldoten aus 23 Länner.

Zanter 2013 hunn iwwer 500 Afghanen eng Demande de protection internationale zu Lëtzebuerg gemaach. De Grand-Duché schéckt wéinst der Sécherheetssituatioun de Moment keng Demandeuren zeréck an Afghanistan.

No senger Visite an Afghanistan ass de Jean Asselborn virun an d'Nopeschland Usbekistan geflunn. Duerno soll hie weider an de Pakistan fléien.


Detailer mam Serge Kesseler:

Lauschteren

Andréck vun der Auslandsrees vum Jean Asselborn:

Méi zum Thema

Lëtzebuerger Zaldot an Afghanistan
NATO-Missioun

D'Bedeelegung un der NATO-Missioun fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcë soll bis 2020 verlängert ginn. Lëtzebuerg schéckt och en zweete Mann an Afghanistan.

Lego zu Prishtina
Balkanvisite Jean Asselborn

En Accord fir Visa-Fräiheet vu Kosovare stoung bei der Visite vum lëtzebuergeschen Ausseminister zu Pristina am Mëttelpunkt. Den Ament kënne Leit aus dem Kosovo net ouni e Visa an d'EU reesen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen