Niddregwaasser De Gidderverkéier leit ënner dem Niddregwaasser an der Musel

Kee Reen, Hëtzt an Dréchent. Ëmmer méi Flëss a Baache féieren Niddregwaasser. Dorënner leit och d'Musel. D'Schleisen an d'Kraaftwierk suergen zwar dofir, datt de Waasserstand konstant een Niveau behält, trotzdeem kënne Gidderschëffer net méi esou schwéier wéi soss beluede ginn.

Ana Angel / cz / Fotoen: Sarah Muller

Musel 1
D'Vue vum Poste de Commande zu Gréiwemaacher op d'Stauwier.

Lues awer sécher fëllt sech déi sougenannte Schleisekummer mat Waasser, bis d'Kummer de selwechte Peegel wéi d'Uewerwaasser huet. Da geet d'Schleis eréischt op, an e Schëff kéint passéieren. Normalerweis gëtt dës Prozedur iwwer 20 mol den Dag gemaach, dëse Mount passéieren awer nëmmen hallef esou vill Schëffer den Dag d'Schleis.

Mam bloussen Ae kann een d'Niddregwaasser zu Gréiwemaacher net erkennen, mee wann ee sech awer den Offloss vum Kraaftwierk ukuckt, erkläert de Philippe Proehs, gesäit een, datt d'Waasser mat wesentlech manner Drock aus der Mauer, déi d'Waasser zeréck hält, also der sougenannter Stauwier, eraus kënnt.

"Aktuell leie mir och wierklech just bei 24 Kubikmeter an der Sekonn, an do schwätzt ee scho kloer vun Niddregwaasser. D'Joresmoyenne läit bei 160 Kubik an der Sekonn."

D'Schëffer kënnen net méi sou schwéier beluede ginn

D'Schëffer transportéieren normalerweis Gidder, wéi zum Beispill Baumaterial oder Agrarproduiten a komme meeschtens aus Süddäitschland oder dem Ruhrgebitt. Weder am Rhein, nach an der Musel kéint een der Schëfffaart eng Fahrrinnendéift vun deene gewinnten dräi Meter garantéieren, esou de Responsabele vun der Gestioun vun de Schleisen, de Philippe Proehs.

Dowéinst kéinten d'Schëffer nëmmen hallef beluede ginn. Bis elo hätt een awer net festgestallt, datt méi Schëffer op der Mousel ënnerwee sinn.

De Philippe Proehs am Gespréich mam Ana Angel

E groussen Impakt op d'Ëmwelt

Et wier net den éischte Summer, wou d'Niddregwaasser fir Schwieregkeeten an der Schëfffaart suergt; schonn 2018 hätt een opgrond vum Niddregwaasser d'Schwieregkeet gehat, d'Stauziler ze halen. D'Zentralkommission fir d'Rheinschëfffaart wier do och zesumme komm an hätt festgestallt, datt een éischter an der Schwäiz oder um Bodensee misst zréckstauen, dat géif och den Trafick op der Musel verbesseren. Och mam Ëmweltministère géif een enk zesumme schaffen, de Stand vum Waasser an d'Schëfffaart hätten ee groussen Impakt op d'Ëmwelt. Wat d'Waasser méi waarm gëtt a wat manner Debit ass, wat manner Sauerstoff am Waasser ass.

"Aktuell leie mer bei plus ou moins 8 Milligramm pro Liter Sauerstoff - ab 3 Milligramm gëtt et méi kritesch fir d' ësch. Dat selwecht ass och mat de Waassertemperaturen - wann ee méi zeréckstaut, kann d'Waasser sech méi erwiermen duerch d' Sonn am Dag. Mir hate leschte Mount scho 26 Grad gehat an am Moment leie mer bei 24,5."

Et bleiwen e puer Stellschrauwen ze dréinen

Mat deenen Temperaturen kann ee sech dat schlecht virstellen, mee et misst een e Bléck op de Wanter geheien, a mat der Energiekris déi sech undeit, kann de Philippe Proehs just op Reen hoffen. Dee bräicht d'Musel nämlech dréngend, wann do, wéi erwaart, Energieressourcë sollen driwwer transportéiert ginn. D'Equipe vum Poste de Commande vu Gréiwemaacher ka sech zwar net drop virbereeden, et kéint een awer de Waasserfloss optimiséieren a Schleisunge regroupéieren. Eng weider Méiglechkeet wier et, fir d'Fëllgeschwindegkeet vun der Schleis ze reduzéieren, dat hätt e positiven Impakt op d'Gläichméissegkeet vum Offloss.

Méi zum Thema

Landwirtschaft
Landwirtschaft

Mam Aussetze vun der sougenannter Flächenstillegung, also dem Brooch leie loosse vu landwirtschaftleche Felder, wëllt de Landwirtschaftsministère d'Produktioun vu Liewensmëttel ukierpen D'Reaktiounen op déi Decisioun sinn ënnerschiddlech.

Waasserzougank
Phase de vigilance opgehuewen

De 4. August gouf d'Phase de Vigilance opgehuewen. D'national Lag ass gutt fir Gemengen a Versuerger, déi Deel vum Sebes Drénkwaasser-Syndikat sinn. Bei verschiddenen autonome Gemengen ass d'Lag nach ugespaant.

Kéi am Stall
Landwirtschaft

Elo scho misst hie sengen Déiere Fudder ginn, well d'Gras op de Wisen net duergeet, sou de Charel Wildgen, deen zu Fenneng 80 Mëllechkéi huet. Mee net all Betrib wier d'selwecht vun der Dréchent betraff.

Drauweplanz Wéngert
Wéineg Reen, vill Hëtzt

Dëst Joer ass extreem wéineg Ree gefall. An de Wéngerten op der Musel leiden dorënner speziell déi jonk Rief Stäck. Wéi ginn d'Wënzer mat der Dréchent ëm?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen