D'Ënnerschrëft vun engem Acte notarial ass scho bal eppes iwwerraschend Almoudesches: Esou eng Ënnerschrëft muss nämlech och haut nach mat der Hand op e Stéck Pabeier gesat ginn - obwuel mer Virementen, Steiererklärungen, an aner offiziell Dokumenter schonn zënter e puer Joer och digital kënnen ënnerschreiwen.
Ob digital oder net hänkt vum Client of
Mee och de Gang bei de Notaire soll digitaliséiert ginn. Fir d'Clientë bedeit dat, datt se sech an Zukunft fir en Acte notarial net méi onbedéngt mussen deplacéieren, erkläert d'Presidentin vun der Chambre des Notaires, d'Martine Schaeffer. Et wier um Notaire fir ze soen, ob ee misst kommen oder net.
D'Martine Schaeffer seet, dee Choix géif da vun der Zort vum Client ofhänken:
"Bei verschiddene Saachen, ewéi der Grënnung vu Gesellschaften - wann dat vun Affekotenetüden ënnerschriwwe gëtt, oder vu Leit, déi scho laang am Business sinn, dann ass dat kee Problem, déi wësse wat se ënnerschreiwen. Wann d'Leit awer elo en deiert Haus, oder en deiert Appartement kafen, ass et awer u sech ëmmer besser se komme bei de Notaire, se deplacéieren sech an d'Etüd vum Notaire."
Déi perséinlech Berodung wier nämlech weiderhin op der Plaz am einfachsten. Mee och wann de Client an d'Etüd kennt, wäert an Zukunft en digitaalt Dokument ugeluecht ginn - an dat geschitt op enger zentraler Plattform, wou déi ganz Etüden ugeschloss sinn a "wou mer en direkten Accès op den Enregistrement hunn, op de Registre des personnes privés, op de Registre de Commerce, op de Kadaster."
Op där Plattform kéint ee sech dann d'Donnéeën 1 zu 1 eriwwer zéien.
Manner Feeler, mee net méi bëlleg
Hei läit dann och den Haaptvirdeel vun der geplangter Plattform: Verkafsakten oder Firmegrënnunge ginn an digitaler Form direkt un déi staatlech Instanze weidergeleet, déi doriwwer musse Bescheed wëssen, also zum Beispill de Kadaster oder den Enregistrement. Doduerch gëtt Zäit gespuert, an et entsti manner Feeler, wéi wann d'Dokumenter mat der Hand an déi staatlech Datebanke mussen ageschriwwe ginn. Méi bëlleg wier den digitale System awer net, seet d'Martine Schaeffer:
"Elo brauch der just eng Pelikans-Cartouche, an da kënnt der e puer Mol ënnerschreiwen. Beim digitale System, do kascht all Ënnerschrëft. An do musse mer verschidde Kontrakter mat Luxtrust a mat anere Providere maachen, fir déi Ënnerschrëften esou bëlleg ewéi méiglech ze kréien."
Dat ass ee vun de prakteschen Detailer, den am Moment nach muss gekläert ginn. Vu wéini un de notarial Akten digital ënnerschriwwe ginn ass am Moment nach net kloer. Eng Deadline gëtt et awer, esou d'Presidentin vun der Chambre des notaires: August 2022.
Vun dann un musse Societéiten, déi nom Modell vun der SARL funktionéieren, nämlech digital gegrënnt ginn: dat schreift eng europäesch Direktiv esou fir.
E bësse méi wéi ee Joer bleift de Notairen also nach fir zesumme mat den zoustännege Ministèren en digitale System op d'Been ze setzen. Ob vun Ufank un all notarial Akten online kënnen duerchgefouert ginn, oder ob dat eréischt no an no méiglech gëtt - och dat ass nach net kloer. Eng Zort vun Akt soll awer och weiderhi just um Pabeier gemaach ginn - an dat sinn d'Testamenter:
"Net datt et herno iergendee Problem gëtt, mat engem Hacker zum Beispill, an da gëtt eppes public vun engem, dee nach lieft. Dat ass ze vill ze geféierlech."