arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Friedrich Merz géint de Rescht vun der Welt

Däitschland

|
reading time

3 min

De Friedrich Merz géint de Rescht vun der Welt

U sech wollt déi gréissten däitsch Partei, d'CDU, am Dezember eng nei Parteispëtzt wielen. Wéinst der aktueller Corona-Situatioun gëtt de Kongress awer verréckelt. Ee vun de Kandidaten richt eng Verschwörung géint seng Persoun.

reading time

3 min

Um Schluss huet de Friedrich Merz et nach eng Kéier mat engem Kompromëss probéiert. De CDU-Parteidag, bei deem d'Partei sech en neie Partei-Chef soll wielen, kéint dach och ganz Corona-konform an digital stattfannen - esou wéi schonn eng Rei vu grousse Parteideeg an de leschte Méint. Mee och dës lescht Propos ass Ufank der Woch am Präsidium vun der CDU net op oppen Ouere gestouss.

Wéi d'Parteispëtzt dunn e Méindeg de Moien matgedeelt huet, datt de Parteidag ganz géif verréckelt ginn, huet de Friedrich Merz senger Roserei fräie Laf gelooss. De fréieren CDU-Fraktiounschef, deen elo Parteichef a Kanzlerkandidat wëllt ginn, sot: Hie wéisst, datt de Partei-Establishment dës Decisioun geholl hätt, fir hien ze schwächen.

Knaschtege Walkampf

De Kampf ëm d'CDU-Spëtzt huet scho laang ugefaangen, ma e gëtt an dësen Deeg richteg dreckeg. Besonnesch de Friedrich Merz gesäit sech als Affer vum Establishment, wat - senger Meenung no - ganz kloer hanner dem Armin Laschet steet. Hie schwätzt vun enger "Aktion Merz verhindern" a vu "blankem Entsetzen" ënner de Membere vun der Partei.

Datt de Friedrich Merz esou reagéiert, ass op éischte Bléck ze verstoen. Ronn fënnef Woche virum geplangte Parteidag hat hien en zolitte Virsprong an de parteiinterne Sondagen. Eng Victoire um Parteidag, an domat de Chefposte vun der CDU, hunn duerchaus ëmmer méi realistesch ausgesinn. A jo: D'Fro, firwat de Parteidag net digital soll kënne stattfannen, muss sech d'Parteispëtzt gefale loossen.

Mat senger Explosioun a sengen Verschwörungs-Theorien vis-à-vis vum Armin Laschet schéisst de Friedrich Merz sech awer virun allem selwer of. A seng Reaktioun ass de Grond, firwat d'Parteispëtzt de Merz net wëllt: Hien tendéiert dozou, total d'Fassung ze verléieren. Um Enn kommen aus dëser Affär allen dräi CDU-Kandidaten schlecht eraus. Den Armin Laschet, souwisou scho schwaach, gëllt elo och nach als Marionett vum Partei-Comité. An dem Norbert Röttgen feelt d'Ënnerstëtzung vu béide Säiten.

Wéi eng Roll spillt de Markus Söder?

Nach ass keen neien Datum fonnt fir de Parteidag, deen ursprénglech jo schonn am Fréijoer hätt solle stattfannen. Wat d'Decisioun awer méi wäit no hanne geréckelt gëtt, wat och d'Fro no der Kanzlerkandidatur u Gewiicht gewënnt. Innerhalb vun der Unioun aus CDU an CSU ass mëttlerweil nämlech zimmlech kloer, datt wuel kee vu Merz, Laschet a Röttgen ideal wier als Spëtzekandidat.

Villes déit dorops hin, datt um Enn wuel dee Kandidat CDU-Chef gëtt, deen averstanen ass, en aneren an der Course ëm d'Kanzlerschaft virzeloossen: nämlech den CSU-Chef Markus Söder. Den Norbert Röttgen huet scho gesot, hie wier dozou bereet. Beim Armin Laschet geet een dovun aus, datt hie sech wuel och dorops géif aloossen.

Just de Friedrich Merz géif sech als Parteichef wuel d'Kanzlerkandidatur wuel net vum Plättel huele loossen. No senger leschter Eskapad ass awer d'Fro, ob hien déi Geleeënheet iwwerhaapt kritt.