Gebuertsdag De Fausti kritt 80 Joer

Den 80. Anniversaire vun engem Entertainer, deen ouni Zweiwel ee vun de bekanntste Lëtzebuerger ass, an dee musikalesch wäit méi ze bidden huet, wéi allgemeng ugeholl gëtt. Rieds geet natierlech vum Fausti. De Jean Claude Majerus mat engem klenge Cadeau fir den 80. Anniversaire.

Jean-Claude Majerus / cz

Fausti

Haut feiere mer Gebuertsdag, an zwar den 80. Anniversaire vun engem Entertainer, deen ouni Zweiwel ee vun de bekanntste Lëtzebuerger ass, dee musikalesch wäit méi ze bidden huet, wéi allgemeng ugeholl gëtt. Rieds geet natierlech vum Fausti. E Mann, dee d'Kultur zu Lëtzebuerg op seng Manéier markéiert huet. E Mann, deen eben duerch seng jovial an oppe Manéier e Kultstatus ereecht huet. E Mann, dee mat sengem richtegen Numm Faustino Cima heescht, mee dee Land op a Land of just Fausti genannt gëtt.

Et kann een de Fausti net nëmmen op d'Fuesent, op zwou Bulle Mokka, op Pëppi komm, Moss am Bic, op Päischtcroisière an esou weider limitéieren. Wann een de Fausti elo reng nëmmen als Museker hëlt, da kann ee sech schonn nëmme wonneren, wat dësem Mann musikalesch alles drop huet.

De Fausti ass e Multiinstrumentalist, hie ka Gei, Klarinett, Gittar, Harmonika a Batterie spillen, an dat alles op engem Niveau, deen net där mannster ass. De Fausti ass bal an all Museksgenre doheem. Gutt, seng Stëmmungslidder si wuel am bekanntsten, mee wann een de Fausti als Jazzmuseker kann erliewen, do géifen der vill aus de Schlappe kippen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

The Old Guard Filmkritik
Netflix

"The Old Guard" ass e begréissenswäerte Schratt op d'Säit géigeniwwer dem gewéinleche Superhelde-Kascht. Manner technologesch Surenchère, dofir gutt Acteuren, vun deenen hei och net ze vill verlaangt gëtt.

Grouss Äisbléck
Een Theema, ee Buch

Selwer verschriwwenen Immobilismus: de franséischen Abenteuerer a Schrëftsteller Sylvain Tesson beschreift a sengem Reesbericht "Dans les forêts de Sibérie" (2011) seng Zäit an enger Hütt beim Baikalséi.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen