De Fausti huet zu de ganz groussen Entertainer zu Lëtzebuerg gehéiert. Hie war och en aussergewéinleche Museker an d'Stëmm vu ville Personnagen a Filmer.
Als jonke Mënsch huet de Fausti seng Léift zur Musek entdeckt, en huet am Conservatoire Solfège gemaach, mat engem éischte Präis ofgeschloss. En huet Akkordeon, Batterie, Gittar, Gei, Klarinett an och Bas-Gei gespillt.
Éischter duerch Zoufall koum de Fausti un d'Sangen, mee dat huet sech bei him zu enger Passioun entwéckelt. Scho mat 13 Joer ass de Fausti Danzmusek spille gaangen, spéider huet hie wéi kee aneren d'Fuesent zu Lëtzebuerg markéiert.