Arméi De Christian Schleck dierf op sengem Poste bleiwen

De President vun der Arméis-Gewerkschaft Spal, de Christian Schleck, däerf op sengem Posten am Rekrutementsbüro vun der Arméi bleiwen a gëtt bis op Weideres net versat. Dat confirméiert den Arméi-Minister François Bausch. De Christian Schleck hätt seng Bedenke géint seng Versetzung an de Bureau d'ordre vun der Arméi am Delai eraginn. Doropshin hätt de Minister dës Decisioun geholl, obwuel hie sech eng Partie Froen iwwer den Oflaf an der Affär stellt.

Michèle Sinner / cz

Christian Schleck SPAL
De Christian Schleck, President vun der Arméisgewerkschaft Spal

De Christian Schleck soll sech elo awer ausschliisslech ëm de Kontakt mat Rekrutte këmmeren a keng Aufgabe méi an der Kommunikatioun vun der Arméi iwwerhuelen. Onofhängeg vum Fall Schleck géif de Rekrutement bei der Arméi iwwerduecht, well d'Arméi Problemer hätt, fir déi néideg Leit ze rekrutéieren, sou den Arméisminister. Bis dohi géif de Christian Schleck also op sengem Poste bleiwen. De François Bausch seet, iwwerzunne Fuerderungen, wéi déi nom Récktrëtt vum Chef d'Etat-major Alain Duschène, oder Ukënnegungen, datt ee bis virun de Bureau international du travail geet, missten elo ophalen. D'CGFP hat gesot, si géif mam Dossier Schleck bis virun de BIT goen, wann de President vun der Arméisgewerkschaft versat géif.

Méi zum Thema

Pascal Ricquier, Christian Schleck, Marc Kohnen
Gewerkschaft

D'CGFP wëllt am Fall Christian Schleck virun déi international Aarbechtsorganisatioun vun der Uno zéien. Dat sot de President Romain Wolff op der Conférence des comités vun der Staatsbeamtegewerkschaft.

Christian Schleck SPAL Exklusiv
Arméi a Force publique

Néng Membere vun der Arméisgewerkschaft SPAL, dorënner de Generalsekretär, hunn eisen Informatiounen no hir Demissioun agereecht: si hätte kee Vertraue méi an de President vum SPAL an a seng Methoden.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen