Mënschenhandel "De Bléck muss geschäerft ginn"

Lëtzebuerg hätt sech am internationale Verglach vum globale Mënschenhandel verbessert, heescht et an engem Rapport vum US-Ausseministère. De Bericht géif net awer wäit genuch goen, kritiséiert déi consultativ Mënscherechtskommissioun. Grondsätzlech Problemer wieren nach net geléist, virun allem well ee sech net op d'Donnéeë kéint verloossen.

Tessy Steffen Koenig / Mick Entringer / fk

Pregno.JPG
Gilbert Pregno, President vun der CCDH

De Bericht vum amerikaneschen Ausseministère géif net wäit genuch goen, kritiséiert de CCDH-President Gilbert Pregno. Als onofhängegen nationale Rapporter am Kampf géint de Mënschenhandel huet déi berodend Kommissioun scho viru ronn dräi Méint hir Recommandatiounen an der Chamber virgestallt.

Lëtzebuerg huet sech an der Lutte géint de Mënschenhandel verbessert a gouf vun der zweeter an déi éischt Kategorie erop klasséiert.

"Rapport muss kritesch analyséiert ginn"

Ënnert anerem gëtt am Rapport vum US-Ausseministère positiv bewäert, datt de Grand-Duché en nationalen Aktiounsplang ausgeschafft hätt a méi Affaire vun der Justiz traitéiert goufen. Donieft wier méi an d'Personal, d'Präventioun an d'Sensibilisatioun investéiert ginn. Dat Ganzt misst een awer och kritesch analyséieren, esou de Gilbert Pregno. Et wier elo an deene leschte Méint vill Sensibilisatioun gemaach ginn an et kéimen ëmmer méi Affairen op d'Geriicht.

"Woubäi, do missten och Juristen a Magistrate sech zu Wuert mellen. Déi meescht Uerteeler ginn an d'Richtung vun enger Prisongsstrof. Mä da kréien déi Veruerteelt herno e Sursis. Dat wäert sech och an den nächste Jore reguléieren."

Grondsätzlech Problemer géife weiderhi bestoe bleiwen, kritiséiert de Gilbert Pregno vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

"Et sinn net genuch Mëttelen do, fir d'Affer opzefänken. Dat ass eng riseg Katastrophe, wat do zur Verfügung steet. A mir musse zouverlässeg Donnéeë kréien. An deem Sënn ass de Rapport vun der Mënscherechtskommissioun vill méi komplett a méi detailléiert, wéi de Rapport aus den USA."

"De Bléck schäerfen"

Besonnesch beim Bau an an der Restauratioun géifen et dem Gilbert Pregno no net genuch Kontrolle ginn, wat de Mënschenhandel ugeet. Et misste "massiv Ustrengunge" gemaach ginn, an d'Gesetz misst geännert ginn.

"Mir haten do vill Gespréicher mat deene Leit, déi an dem Beräich schaffen. Do gëtt et am Moment guer näischt. Dofir erwaarden ech mir, datt dat elo eng Kéier wäert kommen. Mä ech gesinn den Ament nach keng richteg nei Perspektiven um Horizont an deem do Beräich."

Virun allem Kanner a besonnesch Mineuren, déi flüchten, wieren net genuch geschützt a géinge riskéieren an der Prostitutioun ze landen.

Wéi d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg ausgesäit wier net ganz kloer, kritiséiert de Gilbert Pregno. Et misst ee grad hei, Zitat: "säi Bléck schäerfen", fir géint de Mënschenhandel bei Mineuren ze kämpfen.

De ganze Reportage iwwer Mënschenhandel lauschteren

Méi zum Thema

Pregno.JPG
Mënschenhandel

Lëtzebuerg hätt sech am internationale Verglach verbessert, heescht et an engem Rapport iwwer de globale Mënschenhandel vum US-Ausseministère. Kritik kënnt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

Menschenhandel
Kriminalitéit

Och zu Lëtzebuerg ass de Phänomen vum Mënschenhandel eng Realitéit. All Joers ginn et am Duerchschnëtt aacht bis zwielef Fäll. D’Regierung huet eng Rei Mesurë virgesinn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen