arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Bestand muss sou wäit wéi méiglech deziméiert ginn"

Juegd op Muffelen am Iechterna

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

"De Bestand muss sou wäit wéi méiglech deziméiert ginn"

Am Februar soll am Iechternacher Bësch gezielt Juegd op Muffele gemaach ginn, fir d'Populatioun ze deziméieren. De Roger Schauls vum Mouvement écologique begréisst dat. "Déi Déiere maachen enorme Schued a gehéieren net heihin", seet hien.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

"Den Trapp Muffelen am Iechternacher Bësch zielt tëschent 200 an 300 Déieren", seet de Roger Schauls. Si géifen engersäits ekonomesche Schued am Bësch maachen, mee virun allem den ekologeschen Aspekt wier bedeitend. "Si friesse jonk Planzen ewech a bréngen domat d'Iwwerliewe vum Bësch a Gefor" - esou de Roger Schauls. An Zäite vu Klimawandel wier dat net akzeptabel. Si solle fort.

De Problem ass laang bekannt

Enn den 90er Jore goufen déi Déieren do ausgesat; wien et wierklech war, ass net gewosst. Et ginn där Muffelen nach an zwou anere Regiounen. "Do ass de Problem awer manner grouss, well se méi geschoss ginn, wéi am Iechternacher Raum", erzielt de Roger Schauls. D'Problematik wier laang bekannt an et géif do scho Jore laang fir e méi geziilt Ofschéisse plädéiert ginn, et wier awer näischt geschitt. "Virun allem ee Juegdpächter weist schlechte Wëllen", seet de Vertrieder vum Mouvement.

Net aartgerecht

D'Muffele sinn eng Schoofszort, déi aus der Corse oder Sardinie staamt. Si sinn an de Bierger, op Fielsen doheem. Do notze si hir Patten of, et kënnt keen Houf drop. "Bei eis am Bësch geet dat net - de Buedem ass ze mëll" - seet de Roger Schauls. "Dat féiert dozou, datt verschiddener mat reegelrechte Surfbrieder ronderëm lafen!" Dat géif hinne Gelenkproblemer maachen, sou datt se wierklech net aartgerecht liewe kéinten.

play_arrow Lauschteren