Belsch De belschen Deconfinements-Kalenner

Leschte Freideg gouf et an der Belsch eng Reunioun vum sougenannte Comité de Concertation, e Gremium deen déi federal a regional Regierungen zesummebréngt, an dee zanter sechs Méint d'Mesuren am Kader vum Kampf géint de Covid-19 hëlt. Déi aktuell Situatioun bei eisen Nopere léisst eigentlech e Labbere vun de Restriktiounen zou, mee d'Decisioune si wäit ënner den Hoffnunge bliwwen, seet eis Belsch-Korrespondent.

Georges Kohnen / sl / cz

Georges Kohnen
Foto: Archiv

Eigentlech hätt de Comité de Concertation vun der Woch virdru scho missten eng Rei Decisiounen huelen, mee deemools war alles op Äis geluecht ginn, well d'Statistiken net gutt waren an op eng méiglech drëtt Well higewisen hunn.

Et goufen also vill Erwaardunge virun der Reunioun vu leschte Freideg. Der belscher Regierung war vun alle Säiten d'Ofwiesenheet vu Perspektiven an engem klore Calendrier de déconfinement virgehäit ginn. Et geet och ëmmer manner Versteesdemech an der Bevëlkerung fir verschidde Mesuren wéi d'Reesaschränkungen, den Zaapestreech oder nach d'Limitt vun enger eenzeger Persoun, déi e Stot däerf doheem alueden. An dat ëmmer déi selwecht Persoun zanter iwwer véier Méint. Eng sougenannten "Bulle de 1", déi net ze kontrolléieren ass, a virun zwou Wochen hat och e Politiker aus der Majoritéit zouginn, datt hien déi Mesuren net méi respektéiert.

Ginn et dann dëse Mount schonn nei Mesuren?

Jo, et gouf e Freideg effektiv e Kalenner decidéiert. E scheie Kalenner, dee wäit hanner den Erwaardungen zréckbliwwen ass. Sou bleiwen d'Deplacementer ausserhalb der Belsch fir net urgent Ursaache bis no der Ouschtervakanz Mëtt Abrëll verbueden. An och d'Caféen a Restaurante musse bis den 1. Mee zoubleiwen. Déi zwee Secteuren hate ferm op eng Reprise fir d'Vakanz gerechent, fir wéinstens deelweis hir Perten ze kompenséieren.

An och d'Kultur muss bis Ufanks Mee zoubleiwen.

Vun dësem Méindeg u ginn et e puer Changementer. Sou kann ee sech zum Beispill vun elo un zu zéng Persounen dobaussen ophalen, amplaz just véier wéi bis elo. Och d'Zuel vun de Leit bei Begriefnisser geet vu 15 op 50 erop. Vun der nächster Woch u wäert et dann erlaabt sinn, am Superieur een Dag pro Woch zréck an d'Schoulen ze kommen. 100 Prozent Presenz am Secondaire an am Supérieur ass fir no der Ouschtervakanz virgesinn.

Déi sanitär Situatioun an der Belsch ass jo relativ gutt, wann ee se mat verschiddenen Nopeschlänner vergläicht, wéi zum Beispill Frankräich, wou den Departement Pas de Calais dëse Weekend total confirméiert gouf. Wéi ass et da mam Progrès wat d'Impfungen ugeet?

Et kéint däitlech besser lafen. Nach déi leschte Woch hunn d'Fotoe vun enger quasi eideler Foireshal zu Bréissel déi fir massiv Impfungen ageriicht gouf, den Tour vun der Welt gemaacht. Schold doru sinn net nëmmen d'Retarde bei der Liwwerung vun den Impfdosissen, mat och gréisser Startschwieregkeete wat d'Invitatiounen ugeet.

Parallel observéiert een awer och déi éischte Verbesserungen. Sou hëlt lues a lues an den Altersheemer e méi normaalt Liewen erëm op. D'Zuel vun Hospitalisatiounen an Doudesfäll bei den eelere Leit huet staark ofgeholl, an de Risiko vun enger drëtter Kontaminatiounswell schéint fir de Moment éischter geréng. Circa 400 Leit leie wéinst Covid op enger Intensivstatioun an der Belsch, an déi leschte Woch gouf et nach duerchschnëttlech 25 Doudesfäll pro Dag.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Georges Kohnen
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Marc Nollet
Belsch

De belsche Co-President vun der Grénger Partei gëtt ëffentlech zou, datt hien d'Covid-Restriktiounen net méi respektéiert. D'Geständnes vum Politiker aus de Majoritéitsreien huet d'Ëffentlechkeet skandaliséiert.

Eng Strooss zu Bréissel, 11 Februar 2021
Belsch

Kritiker zéien ee more Tëschebilan vun der belscher Impfcampagne. Rezent Probleemer mat den Impfzentren hëllefen do net: de gréisste Bréisseler Zentrum huet een Dag no der Aweiung scho missten d'Dieren zoumaachen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen