Cyber-Attacken "DDoS Attacke si gang und gäbe"

Cyber-Attacken op Staatsservere wieren näischt Aussergewéinleches: Et misst och an Zukunft permanent mat esou Ugrëff gerechent ginn, esou de President vum Luxembourg ICT-Cluster Xavier Buck.

Françoise Medernach / cwi

Xavier Buck
Xavier Buck. Foto: Christophe Olinger

Bei enger DDos-Attack géif et sech net ëm eng Hackerattack handelen, betount de Xavier Buck. Dëst well keng Donnéeë geklaut géife ginn, esou de President vum Luxembourg ICT Cluster. Bei enger DDos-Attack géifen d’Servere vum Staat duerch massiven Zoufloss blockéiert ginn - esou datt soss kee méi drop ka kommen.

Et wier ganz schwéier erauszefannen, wien hannert der Attack op d'Staatsservere stécht, mengt de Xavier Buck. Et kéint een esou Attacken online bei Hacker-Gruppen kafen. Där géif et der dem Xavier Buck no ganz vill ginn. Et kéint een zwar erausfannen, wat fir eng Serveren hannert der Attack stouchen. Mee et wier schwéier ze soen, wien d’Kontroll iwwert déi Serveren hat.

"D'Regierung ass einfach hannendran"

Virun DDos-Attacke kéint ee sech ganz einfach schützen, erkläert de Xavier Buck. Datt de CTIE, de Centre des technologies de l’information de l’Etat, esoulaang gebraucht hätt, fir déi Attack ofzewieren a sech virdrun ze schützen, hätt domadder ze dinn, datt d’Regierung e bëssen hannendra wier. An zwar well an der Lescht ganz vill nei Servicer opgebaut gi wieren.

D'Lëtzebuerger Regierung géif awer Konsequenzen aus dëser Attack zéien, betount de President vum ICT-Cluster. Zum Beispill kéinten d’Kapassitéiten an d'Luucht gesat ginn. Et kéint méi Internet-Bandbreet akaaft ginn. An d’Servere kéinte méi verdeelt an d’Infrastrukturen ausgebaut ginn.

Mat der Digitaliséierung vun der Ekonomie - déi jo an der Rifkin-Etude suggeréiert gëtt - géif de Risiko vu Cyber-Attacken an d’Luucht goen, warnt awer den ICT-Cluster-President. An do wier net nëmmen de Staat gefrot, fir Schutzmesuren ze huelen, "mee och de Privatsecteur muss seng Hausaufgabe maachen", ënnersträicht de Xavier Buck.

Staat am Staat

D'Wikileaks-Revelatiounen iwwer d'CIA-Hacking-Methoden hätten hien net wierklech iwwerrascht, esou nach de Xavier Buck. Cyberspionage wier normal. Wat awer ëmmer erëm géif schockéieren, wier d'Ausmooss dovun.

Net de Fait, datt d'CIA Cyber-Experten hätt, géif beonrouegen, mee de Fait, datt d'Regierungs- a Staatscheffe sech net bewosst wieren, wéi staark déi Kapassitéite wieren. Wat géif Angscht maache wier, "datt do ee Staat am Staat schéngt ze sinn, deen net ënner Kontroll ass."


Interview mam Xavier Buck

Méi zum Thema

Server Raum
Cybersécherheet

No der Cyberattack sinn déi informatesch Infrastrukture beim Staat am Laf vum Dag erëm an der Normalitéit ukomm. Dat seet den Direkter vum CTIE, de Gilles Feith. Eng Krisenzell wier net aberuff ginn.

cybersecurity dossier.JPG
Dateschutz

Mat der Digitaliséierung ginn d'Cyberattacke konstant an d'Luucht. Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech am Beräich Internetsécherheet, wie sinn déi Kriminell a wéi kann ee sech schützen?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen