Cybersécherheet DDoS-Attack beim Staat: "Dat hei ass keng Kris"

​No der Cyberattack, déi e Méindeg de Moien ugefaangen hat, sinn déi informatesch Infrastrukture beim Staat am Laf vum Dag erëm an der Normalitéit ukomm. Dat seet den Direkter vum Centre informatique CTIE, de Gilles Feith. Fiktiv Demanden, déi eng Rei Serveren iwwerlaascht haten, hunn also bis op Weideres opgehalen.

Christiane Kleer / ys

Server Raum
Illustratioun: Scanrail / Bigstock

De Gilles Feith hält sech bedeckt, wat Detailer ugeet: Et wëll ee sech net an d'Kaarte kucke loossen beim Centre informatique. Fir ze verhënneren, datt déi Persoun oder Persounen hannert der sougenannter DDoS-Attack hir Strategie eventuell kéinten upassen.

Um Dënschdeg Moien, 10 Auer, huet den Direkter vum Centre informatique d'Situatioun folgendermoossen beschriwwen: "An de leschte 24 Stonnen ware mir ongeféier 80 Prozent vun der Zäit online, do ass also alles gaangen. De Moment ass déi Attack awer nach ëmmer en cours".

Trotz Attack konnt weider geschafft ginn

Um Méindeg kuerz virun hallwer zéng moies ass déi sougenannt Denial of Service-Attack detektéiert ginn: vu baussen sinn staatlech Servere mat fiktiven Demanden iwwerlaascht ginn. Als Konsequenz dovu waren ëffentlech Siten iwwert de ganzen Dag ëmmer erëm net ze erreechen. Intern an de Verwaltungen hätt awer normal kënne geschafft ginn, sou den Direkter vum Centre informatique. Och zum Beispill, well E-Mailen iwwert ee Server lafen, deen net betraff war. Et wier och net ongewéinlech, datt sou eng Attack méi laang am gaangen ass.

Wien hannert der Attack géif stiechen, wier net gewosst, sou de Gilles Feith. Gewosst ass, datt keng Donnéeë geklaut goufen. Wat war also d'Zil vun der Attack? "Den Interêt war do, fir dee Service net méi accessibel ze maachen." Am Fall vum Staat wier de Bierger betraff, dee keen Accès méi hätt. Bei private Betriber hätt dat grave Konsequenzen op de Business.

Keng Krisenzell aberuff

Attacke vum Typ DDoS wieren heefeg, seet de Gilles Feith. Vill dovu géifen direkt ofgewiert ginn. Eng mat sou ville Retombéeë wéi déi vum Méindeg wieren awer éischter seelen. Trotzdem: eng Krise-Cellule ass net aberuff ginn. "Dat ass keng Kris, dat hei." Déi Moyenen déi ee géif applizéieren, géife gräifen.

Um Dënschdeg Moien hunn all déi bedeelegt staatlech Zervisser sech gesinn, fir iwwer dat weidert Virgoen ze beroden. Mat dobäi als zentralen Acteur war de sougenannten "Computer emergency response team" vun der Regierung.

Méi zum Thema

Hacker
Cyber-Sécherheet

Den Internet vun de Saachen, deen och an der Rifkin-Etude thematiséiert gëtt, erhéicht d'Vulnerabilitéit fir Hacker-Attacken. Mee wat muss geschéien, fir Datesécherheet z'assuréieren?

cybersecurity dossier.JPG
Dateschutz

Mat der Digitaliséierung ginn d'Cyberattacke konstant an d'Luucht. Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech am Beräich Internetsécherheet, wie sinn déi Kriminell a wéi kann ee sech schützen?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen