Fräie Mikro Dateschutz - manner Tsundoku w.e.g.
An der japanescher Sprooch nennt en Tsundoku de Phänomen vun Leit, déi reegelméisseg Bicher kafen obwuel se der schonn esou vill ongeliesener doheem am Regal stoen hunn, datt se zu hirer Liefzäit ni dozou kommen wäerte se all ze liesen. Et ass déi zwanghaft Loscht an de Besëtz vum Wëssen ob Pobeier ze kommen, och wann een wéis, datt een dat Wëssen ni wäert erfuerschen.
Ech muss an leschter Zäit oft un Tsundoku denken, wann ech Gesetzer liesen déi sech mat perséinlechen Donnéeën an hirem Ëmgang duerch déi ëffentlech Hand beschäftegen. Et kritt en den Androck, och hei géif d'Loscht um Sammelen virun der Iwwerleeung stoen, ob een all dës Informatiounen iwwerhaapt braucht an wat een domat wäert ufänken.
Am Covidgesetz vum 24. Dezember 2020 ass virgesinn, datt perséinlech Donnéeën vun Patienten, déi sech géint de Virus impfen loossen gespäichert ginn. Genau esou wéi déi vun de Professionellen déi hinnen d'Sprëtz gesat hunn. Eréischt no zwee Joer sollen d'Informatioune vun den Dokteren anonymiséiert ginn, wärend et bei de Patienten 20 Joer - bal eng ganz Generatioun - dauere soll, éier hir Identitéit net méi dierf ersiichtlech sinn.
Perséinlech Donnéeë musse strikt zweckgebonnen traitéiert ginn
Elo as d'Späicherung vun medezineschen Daten an Zäiten vun der Bekämpfung vun enger Pandemie net onbedéngt verwerflech. Kann een dach esou en Iwwerbléck kréien, wou de Virus sech verbreet, wéi eng Moossnamen effikass sinn oder wéi vill Leit scho geimpft goufen. Hei läit also en ëffentlechen Interessi vir, deen et dem Staat erlaabt Zougrëff ob perséinlech an intim Informatioune vu senge Bierger ze kréien.
Am Kader vun der Impfung géint de Covid geet et laut Gesetz drëm ze kucken, ob d'Impfstoffer wierksam sinn an ob se eventuell schiedlech Niewewierkunge verursaachen. Zu dem Zweck kann ee verstoen, datt den Numm vum Patient a sengem Dokter gespäichert gëtt, awer och nëmmen esou laang wéi et zum Zweck vun der Bekämpfung vun der Pandemie noutwendeg ass.
Iwwerdriwwer Sammelwut vum Staat
Wann een den Delai vun zwee Joer kuckt, an dem d'Donnéeë vun den Dokteren verfügbar bleiwen, gesäit een eng konservativ Schätzung vun der Zäit déi et wuel brauch, bis dës Pandemie eriwwer soll sinn. Firwat dann awer dem Patient seng Donnéeën 20 Joer laang halen? Laut der Regierung wier dat zum Schutz vum Patient, well ee fuschnei Impfstoffer benotzt, déi ob hier Laangzäitwierkung net kënne getest ginn.
Dëst kéint ee verstoen, wann et ëm dem Patient seng perséinlech Doktere geet, déi ob Grond vun Krankheetssymptomer d'Virgeschicht kenne mussen, fir déi richteg Behandlung ze bestëmmen. Hei geet et awer net em den Dokter an den Patientendossier, mee ëm eng Datebank bei der Direction de la Santé. Firwat déi och an 20 Joer nach wësse muss wie sech wéini impfe gelooss huet, bleift schleierhaft, et sief dann den Sënn an Zweck vun der Späicherung ass en aneren wéi den vun der Andämmung vun der Pandemie.
Och den neie Projet de loi deen déi verschidde Fichier bei der Police reegelt ass e gutt Beispill vun der Sammelwut vum Staat déi Virrang virun dem Schutz vun der Privatsphär kritt. Eng Reform déi noutwendeg gouf nodeem 2019 de Flou ëffentlech gemaach gi war an deem bis haut nach Police an Justice mat de brisante perséinlechen Donnéeën ëmginn, déi se am Kader vun hire Missioune sammelen.
Méi Sensibilitéit fir de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën
Fir de Mëssstand ze behiewen, gouf elo eng Reform presentéiert, déi der Police e Kader soll ginn fir de Reegele vum Dateschutz gerecht ze ginn. Dat soll awer net direkt de Fall sinn, well d'Police kritt Zäit bis spéitstens 2026 fir dat Gesetz ëmzesetzen. Bis dohinner muss den Dateschutz also waarden.
Och bei der Vorratsdatenspäicherung huet Lëtzebuerg sech nach ëmmer net konform zum Urteel vun dem europäeschen Geriichtshaff vun 2014 gemaach. Et blouf bis haut beim vage Verspriechen vun enger Reform, a wärend der Zäit geet déi systematesch Konservéierung vun den elektroneschen Date vun eis all weider.
E bëssen manner Tsundoku an e bësse méi Sensibilitéit fir de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën wieren also net vun Muttwëll.
Hiwäis: Dësen Text gouf verfaasst, geschriwwen an opgeholl virun deems d'Deputéiert den Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun weider Zougeständnisser am Sënn vum Dateschutz kruten.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.