arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat wier éischter theoretesch negativ ze gesinn"

G7

|
reading time

2 min

"Dat wier éischter theoretesch negativ ze gesinn"

D'Diskussioun ëm d'Aféiere vun enger Mindeststeier fir international Grousskonzerner gouf et scho virum Treffe vum G7, dëst um Niveau vun der OECD, der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung. Allerdéngs kéint d'Steierreform, wéi se um G7 elo duergeluecht gouf, fir Exportlänner ee gréisseren Impakt hunn, mengt den Direkter vun der Patronatsorganisatioun Jean-Paul Olinger.

reading time

2 min

International Grousskonzerner, déi wéinst der Mondialiséierung an der Digitaliséierung eng eegen fiskal Strategie agesat hunn, missten an Zukunft net am Produktiounsland Steiere bezuelen, mee éischter do, wou de Konsument wunnt.

Concernéiert duerch d'Mindeststeier si Multinationalen, déi eng Gewënnmarge vun op d'mannst 10 Prozent hunn, fir déi gëllt ee Mindeststeiersaz vu 15 Prozent, oder vun 20 Prozent op méi héich Gewënnmargen.

Determinant wier awer net de Steiersaz, mee do wou d'Konzerner besteiert ginn. Dat wier fir Lëtzebuerg éischter negativ, seet den Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Patronatsorganisatioun UEL

"Den Impakt vun esou enger Mesure fir ee Land ewéi Lëtzebuerg, dat wier dann éischter op alle Fall theoretesch negativ ze gesinn, well mer eben ee klengt Land sinn an zimmlech no baussen exportéieren, an dat heiten awer ee Paradigmewiessel ass, dee genau do usetzt."

Net nëmmen digital Ekonomie ass betraff

Et ass nach net kloer, ob de Finanzsecteur eventuell dovunner ausgeschloss gëtt. Fest steet awer, datt net nëmmen déi digital Ekonomie betraff wier, mee och aner Secteuren. Fir Exportlänner ewéi Lëtzebuerg kéint déi Reform och Froen opwerfen iwwer Steierrecette vum Staat, seet de Jean-Paul Olinger:

"Wat ass den Impakt op d'Staatsrecette vun engem Land ewéi Lëtzebuerg? D'Mindestbesteierung, do muss ee kucken, wéi déi dann ass, mee zu Lëtzebuerg ass déi méi héich ewéi déi 15 Prozent, mee do muss ee kucke wéi d'Interaktioun ass a wéi déi aner Länner a Betriber sech positionéieren."

Déi Annonce um G7 wier fir den Ament net konkret genuch fir schonn eng Conclusioun ze zéien iwwer de reellen Impakt fir d'Lëtzebuerger Ekonomie, betount de Jean-Paul Olinger. Bis datt dat och ëmgesat géif ginn, dat kéint laang daueren. Mee fest steet och, datt d'Keese vun grousse Länner duerch d'Pandemie nees musse gefëllt ginn.