Planetary Resources "Dat war keng politesch Decisioun"

D'staatlech Investitiounsbank SNCI ass mat hirem Investissement an déi amerikanesch Firma Planetary Resources bewosst méi en héije Risiko agaange wéi soss. Dat seet de President vun der Bank Patrick Nickels.

Rick Mertens / cbi

Patrick Nickels
D'Regierung hätt der SNCI näischt virgeschriwwen, seet hire President, de Patrick Nickels.

D'SNCI hat 12 Milliounen a Planetary Resources investéiert, mee d'Firma ass mëttlerweil Faillite. Den SNCI-President Patrick Nickels ënnersträicht, seng Bank hätt dësen Investissement net vun der Regierung diktéiert kritt. Et wier zwar eng politesch Decisioun vun der Regierung, notamment vum Wirtschaftsminister gewiescht, fir sech an deem Secteur ze positionéieren.

Iwwer de Risiko war ee sech bewosst

D'Decisioun a Planetary Resources ze investéiere wier am Verwaltungsrot vun der SNCI geholl ginn an ass duerno vun der Regierung approuvéiert ginn, esou wéi d'Gesetz dat virgesäit. Iwwer de Risiko wier ee sech bewosst gewiescht, seet de Patrick Nickels:

"Mir waren eis scho bewosst, datt hei e Risikoprofil ass, dee vill méi héich ass, wéi dat wat mir eigentlech normalerweis gemaach hunn. Mee mir hunn awer och déi Decisioun geholl fir d'Regierung, déi jo 2015 erkläert huet fir Lëtzebuerg an deem do Secteur ze positionéieren, fir d'Regierung an der Missioun ze begleeden."

E villverspriechende Projet

D'SNCI hätt näischt vun der Regierung virgeschriwwe kritt. Wéi d'SNCI a Planetary Resources investéiert hat, hätten eng ganz Rei Leit doran investéiert, déi vill Erfarung am Beräich vu Start-Uppen haten. "Dee Moment, wou mir investéiert hunn, hat déi Entreprise 50 Leit, déi hat Kontrakter vun der NASA fir Fuerschungs- an Entwécklungsprojeten, déi hat e Plan d'affaires, dee virgesinn huet, datt se innerhalb vun enger Rei Jore Beneficer géif ofwerfen, déi haten e konkrete Plang fir Lëtzebuerg.", esou de Patrick Nickels.

Den SNCI-President Patrick Nickels ënnersträicht awer, dëse Verloscht wier eng Ausnahm:

"Mir hu fir 600 Millioune Participatiounen, an déi Participatioune mussen in globo e gerénge Risikoprofil hunn, dofir street een dat jo. Mee dat heescht awer net, datt een net emol een oder deen anere Projet ka maachen, dee méi e grousse Risikoprofil huet. Mee nach eng Kéier: An der Zomm ass et schonn esou, datt mir wëllen dee virsiichtege Profil bäibehalen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Weltraum
Weltraumressourcen

D'Chamber zitt ee mitigéierte Bilan iwwer d'Initiativ "Space Mining". D'CSV vermësst Konkretes. Déi Lénk kritiséieren de kapitalisteschen Hannergedanke vum Projet. De Wirtschaftsminister gesäit grousst Potential.

Asteroid zharphoto
Weltraumtechnologien

Déi amerikanesch Entreprise Bradford Space huet Deep Space Industries, an domat och déi Lëtzebuerger Filial iwwerholl. D'Ënnerstëtzung vun der Regierung a staatlech Hëllefe maache Lëtzebuerg fir Bradford Space attraktiv.

Marc Serres
Luxembourg Space Agency

De Lëtzebuerger Staat hat 12 Milliounen a Planetary Resources investéiert. Mam Echec vun där Initiativ goung déi Zomm verluer. Dat wier awer kee Réckschlag fir de Secteur, seet de Marc Serres.

Chris Lewicki & Etienne Schneider
Space Mining

De kriteschen Avis vum Staatsrot zum Gesetzprojet iwwer d'Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen ännert näischt un der Lëtzebuerger Initiativ, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen