Invité vum Dag "Dat schéngt mir ganz normal ze sinn"

Den Etienne Schneider trëtt bei de Chamberwahlen un, fir Premier ze ginn. Hie kontestéiert awer, datt hie just Regierungschef ka ginn, wa sech un der aktueller rout-blo-grénger Konstellatioun näischt ännert. Aktuell Divergenzen tëscht de Koalitiounspartner fënnt hien net problematesch.

Maurice Molitor, Françoise Keller / cbi

Etienne Schneider
Den Etienne Schneider.

De Vize-Premier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider fënnt et net problematesch, datt déi dräi Koalitiounsparteien an der Lescht eenzel Meenungsverschiddenheeten ëffentlech ausgedroen hunn. Hien huet an deem Kontext de Xavier Bettel zitéiert: "Souguer wa mir an enger Regierung sinn, hu mir jo net fusionéiert". Nodeems déi dräi Parteien bal all d'Punkten aus hirem Koalitiounsaccord zesummen ëmgesat hätten, géife se elo, am Hibléck op d'Wahlen, hir deels ënnerschiddlech Vuen iwwert déi zukünfteg Entwécklung vum Land presentéieren. "Dat schéngt mir ganz normal ze sinn", seet den Etienne Schneider.

Divergenze goufen et rezent zum Beispill iwwert de steierlechen Traitement vu Stock options, eng Erhéijung vum soziale Mindestloun oder eenzel industriell Projeten, wéi eng griichesch Jughurtsfabrik oder de Steewollproduzent Knauf, deem seng Implantatioun zu Lëtzebuerg den Nohaltegkeetsminister François Bausch an engem Interview grondsätzlech a Fro gestallt hat. Och déi LSAP-geféiert Gemeng Suessem huet sech géint de Projet ausgeschwat, deen an der nationaler Industriezon op hirem Territoire gebaut soll ginn. D'Informatiounen, déi den Ament géife virleien, géifen "net ganz vill Guddes fir d'Gemeng bedeiten", esou de Suessemer Buergermeeschter, Georges Engel.

Polemik ëm eng Steewoll-Fabrik

"An et ass jo och net esou, datt eng Gemeng, déi ganz vill Industrieterrain huet, elo zur Dreckskëscht vum Land ka ginn, fir Entreprisë mussen opzehuelen, déi Emissiounen net grad alleguer kënnen anhalen", esou de Georges Engel weider.

D'Gemenge Suessem an Déifferdeng hunn deemno och en negativen Avis iwwert de Projet ofginn. Den Etienne Schneider kéint sech iwwert deen Avis ewechsetzen, mä den Dossier ass fir hien nach net ausdiskutéiert. D'Gemeng Suessem géif awer kee positiven Avis ofginn, soulaang net déi néideg Garantië gi wieren, esou nach de Georges Engel.

De Wirtschaftsminister verdeedegt de Projet: Et kéint een net engersäits d'Leit obligéieren, hir Haiser mat Steewoll an net méi mat Styropor z'isoléieren, a gläichzäiteg net wëllen, datt deen Isolatiounsstoff hei zu Lëtzebuerger produzéiert gëtt, argumentéiert hien.

Och d'Kontestatioun vun der Jughurtsfabrik, déi virun allem wéinst hirem héije Waasserverbrauch an der Kritik steet, kann den Etienne Schneider net novollzéien: Hie weist drop hin, datt déi Firma d'Autorisatioun nëmmen ënner ganz strengen Oplagen kritt. Dozou gehéiert de Bau vun enger eegener Kläranlag. D'Jughurt-Produktioun zu Lëtzebuerg wier fir de Benelux-Raum geduecht.

Datacenter um gudde Wee

Wat de geplangte Google-Datacenter zu Biissen ubelaangt, kéint hien d'100,7-Informatioun net confirméieren, datt de Bau ewell fest decidéiert a sécher wär, seet de Wirtschaftsminister. Hien hätt nach keng offiziell Matdeelung an deem Sënn kritt, géif awer dovun ausgoen, "datt dat an déi richteg Richtung geet." Deemno wéi kéint souguer nach 2018 ugefaange gi mat bauen.

Den Etienne Schneider confirméiert, datt hie bei de Chamberwahlen untrëtt, fir Premier ze ginn. "Als Vertrieder vun der zweetgréisster Partei kann een dach net an d'Wahle goe mam Zil, deen Zweeten ze ginn". De wahrscheinleche Spëtzekandidat vun der LSAP kontestéiert, datt hie just Regierungschef ka ginn, wa sech un der aktueller rout-blo-grénger Konstellatioun näischt ännert: Rezent Wahlen an anere Länner hätte gewisen, wéi séier et mat deenen enge biergop, a mat deenen anere biergof kéint goen, sou den Etienne Schneider.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Etienne Schneider Riicht Eraus
Chamberwahlen 2018

2018 wëll den Etienne Schneider nees LSAP-Spëtzekandidat sinn an déi blo-rout-gréng Koalitioun weider féieren. Den Echec vum Sozialist Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellë bedauert hien net.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen