Fräie Mikro Dat neit Gesetz fir d'Uni Lëtzebuerg bleift problematesch
D'Diskussioun ëm dat neit Unisgesetz gëtt endlech an der Ëffentlechkeet gefouert. Et misst een net nëmmen iwwert d'Strukturreformen diskutéieren, mä och iwwer déi problematesch Punkten am Projet de loi.
Den 20. Abrëll hat ech op dëser Plaz mäi Commentaire zum neien Unisgesetz mam Saz ofgeschloss, datt bis elo d'Proffe vun der Uni vum Héichschoulminister net ëm hir Meenung gefrot gi sinn. Hir Associatioun, d'APUL, huet den 20. November e Communiqué publizéiert, deen dem Professer Luc Heuschling seng vernichtend juristesch Analys iwwerholl huet, an, kuck do, e puer Deeg drop gouf eng Delegatioun vum Minister empfaangen. Deen huet dunn, vläicht och well vun LSAP-Säit Kritik komm ass, de 4. Dezember an der Chamberkommissioun e puer wesentlech Ännerungen u sengem Projet virgeschloen.
Conseil universitaire stäerken
Mä d'APUL huet mëttlerweil der Chamberkommissioun matgedeelt, datt déi Virschléi net wäit genuch ginn. Wuel gëtt de Conseil facultaire nees am Gesetz verankert, mä datt hien den Doyen däerf wielen, ass nach ëmmer net virgesinn. Wuel däerf de Conseil universitaire zwee Leit an de Conseil de gouvernance delegéieren, mä seng Roll bleift nawell reng consultativ, ausser wat Studieprogrammer ubelaangt. Dobäi bräicht einfach nëmmen am Gesetz gesot ze ginn, de Conseil de gouvernance misst en avis favorable vum Conseil universitaire ofwaarden, ier e kann eng Decisioun huelen. D'Chamber muss jo och dem Conseil d'État säin Accord hunn, ier se e Gesetz definitiv kann unhuelen.
Staatsrot wiert sech géint Autonomie vun der Uni
Ausser ëm d'Entscheedungsweeër geet et am Gesetz awer och ëm d'Organisatioun vum Studium. An de meeschte Länner ass et d'Aufgab vun der Uni selwer, fir d'Regelen ze fixéieren, no deenen een en Ofschlossdiplom als Bachelor, Master oder Dokter ka kréien. An Däitschland maachen dat déi eenzel Fakultéiten, well déi Regele musse kënne pro Disziplin anescht sinn. Mam Argument, d'Verfassung géif virschreiwen, alles wat den Enseignement betrëfft, misst per Gesetz geregelt ginn, wiert de Conseil d'État sech géint déi Autonomie vun der Uni a verlaangt a sengem Avis, souguer d'Soutenance vun der Thes misst am Gesetz geregelt ginn.
Ech hat gemengt, fir dee Problem ze léise wär 2004 extra den Artikel 108bis an d'Verfassung opgeholl ginn, wou et heescht: "Dans la limite de leur spécialité le pouvoir de prendre des règlements peut être accordé par la loi aux établissements publics", an dat ass d'Uni, quitt datt déi Reglementer vum zoustännege Minister kënne op hir Legalitéit gepréift ginn. Déi aktuell Règlements grand-ducaux maachen an der Praxis scho Misär genuch. Wann de Conseil d'État bei senger Interpretatioun bleift, wär et besser, et géif een d'Verfassung änneren, wéi datt een déi detailléiert Studiereglementer an d'Gesetz aschreift.
Multilinguismus fir Doktoratsstudie ofschafe wier absurd
En aneren Detail, deen ech als Problem ugesinn, ass, datt am Artikel 32/6 vum neie Gesetz, de Multilinguismus nëmmen nach fir Bachelor a Master virgeschriwwen ass. Dat kënnt derzou féieren, datt d'Doktoratsstudie ganz op Englesch ofgehale ginn, sou wéi elo schonn de Fonds National de la Recherche verlaangt, datt een all Projet vun enger Thes, also och wa se sech mat franséischer, däitscher oder lëtzebuergescher Literatur oder Grammatik beschäftegt, muss op Englesch presentéieren. Déi Absurditéit riskéiert also och op der Uni d'Regel ze ginn.
Méi Zäit fir Fuerschung ze bedreiwen
D'Gesetz schreift an Zukunft vir, e Proff misst sech regelméisseg wëssenschaftlech a pädagogesch weiderbilden. Très bien. Mä e congé scientifique kritt een nëmmen all siwe Joer, also vill méi seele wéi am Ausland, a grad déi jéngst Proffen, am Gesetz professeurs assistants genannt, kréien nach ëmmer kee Recht op e Fuerschungssemester, obschonns grad si dat am néidegsten hätten. Hei sollt sech de Minister roueg e Beispill um vill zitéierten England huelen.
Ech hat et schonn am Abrëll gesot: Et ass net alles schlecht un deem neie Gesetz, mä d'Chamber huet nach vill Aarbecht, fir e Gesetz drauszemaachen, dat fir d'Praxis gëeegent ass.
Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.