arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat mécht eis scho Suergen"

Educatioun

|
reading time

2 min

"Dat mécht eis scho Suergen"

Dem Direkter vum Dikrecher Kolléisch ass et wichteg, datt bei den neie Mesurë fir an de Schoulen d'Wuelbefanne vun de Schüler eng wichteg Roll spillt. Et géifen nämlech ëmmer méi Schüler ginn, déi sech verschléissen an déi sech net méi esou expriméieren, wéi dat virun der Kris de Fall war, seet de Marcel Kramer.

reading time

2 min

D'Programmer vun de Premièrë gi reduzéiert, fir den Examen soll an de verschiddene Fächer ronn 15 Prozent vun der Matière ewech gelooss ginn. Déi Informatioun huet den Direkter vum Dikrecher Kolléisch de Muergen am 100,7-Interview confirméiert.

Wéi eng aner Annoncen den Educatiounsminister Claude Meisch um 11 Auer op der Pressekonferenz mécht, wéisst de Marcel Kramer awer net. Dat géifen och d'Lycéesdirekteren eréischt am Laf vum Moie gewuer ginn.

Wichteg schéngt dem Marcel Kramer, datt bei där Decisioun och dat séilescht Wuelbefanne vun de Schülerinnen a Schüler berécksiichtegt gëtt. "Mir gesinn, datt déi Jonk ëmmer méi ënner där aktueller Situatioun leiden. Och dat muss an d'Equatioun afléissen", seet den Direkter vum LCD.

Schüler leiden ënner der Situatioun

De villen Homeschooling, de Manktem u Kontakt mat de Kolleegen, d'Onméiglechkeet fir eppes ze ënnerhuelen, si fir d'Schülerinnen a Schüler eng Belaaschtung, déi op d'Moral dréckt. Aus Däitschland héiert een, dass all drëtte Schüler mat depressive Stëmmunge geplot ass, wärend a normalen Zäiten nëmmen all fënnefte Schüler där Gedanken hätt.

Ob dat vun den Zuelen hier zu Lëtzebuerg d'selwecht wier, konnt de Marcel Kramer net soen. "Mee mir gesi schonn, datt am leschte Mount eis SePASen (déi fréier SPOSen) méi sollicitéiert ginn." Och an de Klasse géif ee mierken, datt et méi Schüler ginn, déi sech verschloss hunn a sech net méi sou ausdrécke wéi virdrun. "Dat mécht eis scho Suergen".