Iwwerschwemmungen "Dat kann an de Kontext vum Klimawandel gesat ginn"

Zanter dem Ufank vun de Miessunge vum Reen ass hei am Land nach ni sou vill Néierschlag erofgaangen, heescht et vun der ASTA. Experten warnen, datt d'Unzuel vun den extrem Wiederphenomener zouhëlt: eng kloer Konsequenz vum Klimawandel, soen och Lëtzebuerger Spezialisten.

Isabel Scott / cbi

Iwwerschwemmungen am Gronn
De 15. Juli goufen et ënner anerem Iwwerschwemmungen am Gronn

De Klimawandel léisst sech net un engem eenzege Wiederphenomen ausmaachen. Villméi ass et statistesch gesinn de Cumul vun Extremevenementer, déi ee betruechte muss, an do géif alles op en Trend hiweisen, seet de Laurent Pfister vum Luxembourg Institute of Science an Technology LIST.

Dëse Cumul géif ee beonrouegen: 2016 an 2018 hätt ee scho Staarkreen gehat, grad ewéi méi fréi am Joer. Zousätzlech hätt et en Tornado ginn, an déi aktuell Iwwerschwemmunge vum 15. Juli, esou de Laurent Pfister. Hie setzt déi Wiederphenomener an de Kontext vum Klimawandel.

"Mir wëssen iwwer Medie vun anere ganz extreme Wiederphenomener ronderëm d'Welt. Dat sinn alles Signaler, déi dorop hiweisen, datt sech do eppes deet, an net onbedéngt an déi gutt Richtung."

Den Impakt vum Klimawandel

D'Iwwerschwemmungen goufen duerch en Déifdrockgebitt verursaacht, dat sech iwwer Däitschland festgesat huet. D'Unzuel vu staarken an extremen Nidderschléi géifen awer generell zu Lëtzebuerg zouhuelen, esou och de Constat vum Andrew Ferrone, Meteorolog bei der ASTA.

Souwuel d'Frequenz, wéi och d'Unzuel vun den Evenementer géife mam Klimawandel zouhuelen. Dat hätt een och zu Lëtzebuerg festgestallt, datt et ëmmer méi Deeg ginn, wou et staarken oder extremen Nidderschlag gëtt. An den 1950er Jore wieren dat an der Moyenne 15 Deeg d'Joer gewiescht, mëttlerweil wier een op 18 Deeg d'Joer.

Staarken Nidderschlag, wéi dee vun e Mëttwoch, géifen duerch de Klimawandel ëmmer méi probabel ginn, sou den Andrew Ferrone. Zu Lëtzebuerg wieren d'Temperaturen haut 1,9 Grad Celsius méi waarm wei déi läscht 30 Joren. Wann d'Loftmasse méi waarm sinn, huele se och méi Fiichtegkeet op, a wat méi Fiichtegkeet an der Loft ass, wat et natierlech och méi Ree ka ginn, erkläert de Meterolog.

Méi zum Thema

Eng Tankstell de 15. Juli um 12 Auer zu Iechternach
Iwwerschwemmungen

D'Gemeng Beefort deelt mat, datt d'Krunnewaasser net benotzt soll fir ze drénken, Zänn wäschen, Geméis an Uebst botzen a fir d'Kachen. Krunnewaasser kann ee fir aner Zwecker benotzen: Toilette, Dusch, Spull a Botz.

Michel Malherbe an Yves Wengler
Hätt een d'Leit éischter kënne warnen?

Obwuel d'Leit zu Iechternach an zu Miersch deelweis hu missen mat Booter aus hiren Haiser evakuéiert ginn, sinn d'Buergermeeschter vun den zwou Gemengen der Meenung datt een d'Bierger net éischter hätt kenne warnen.

Net verpassen

  • 23.10. Riicht eraus mam Marc Giorgetti

    RiichtEraus_MarcGiorgetti_horizontal.jpg

    Mam President vum Groupement des Entrepreneurs geet et ëm d'Wunnengskris, déi geplangte Grondsteierreform a säi professionelle Parcours als Bauentrepreneur.

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen